Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Noutgedrongene Pragmatismus vun der Bundesregierung

Däitschland

Noutgedrongene Pragmatismus vun der Bundesregierung

De Krich an der Ukrain stellt Europa, an domadder och Däitschland viru grouss Erausfuerderungen, besonnesch an der Energiepolitik. Dofir war den däitsche Klima- a Wirtschaftsminister Robert Habeck de Weekend och am Katar an ass haut an de Vereenegten Arabeschen Emiraten ënnerwee, fir iwwer zousätzlech Gas- a Waasserstoffliwwerungen ze verhandelen. Eng schwéier Missioun, déi déi pragmatesch Realpolitik vun der Regierung ënnersträicht, mengt de Max Tholl.

auto_stories

3 min

Iwwer d'Hallschent vum Gas an Däitschland kënnt aus Russland a kuerzfristeg léisst sech un där Ofhängegkeet och wéineg änneren, sou de Klima- a Wirtschaftsminister Robert Habeck.

Flësseggas als potentiell Alternativ

Dem "Deutschlandfunk" sot hien, d'Gasversuergung fir den nächste Wanter wier nach net geséchert a wa Russland de Krunn géif zoudréinen, géif et an däitschen Haiser kal bléiwen an d'Industrie géif an d'Laberente geroden - mat potentiell gravéierende wirtschaftleche Konsequenzen.

Also gëllt et sou séier wéi méiglech Alternativen ze fannen, och wann dës keng ideal Léisunge sinn. Sou kann ee wuel dem Robert Habeck seng Déngschtrees dëse Weekend an de Katar an an d'Vereenegt Arabesch Emirater interpretéieren.

De Katar ass ee vun de gréisste Fournisseure vu Flësseggas a soll an Zukunft méi Gas un d'Bundesrepublik liwweren, mat den Emirater soll eng perspektivesch Partnerschaft fir Waasserstoff entstoen.

Ee politescht Dilemma

Well d'Präisser de Moment esou héich sinn, géif ee bei de Fournisseuren net direkt op oppen Ärem stoussen, sou den Habeck am "Deutschlandfunk". Dofir misst ee gréisser a längerfristeg Verträg en vue stellen, wat awer fir de grénge Klimaschutzminister en Dilemma ass, well de Gas jo eigentlech just eng Iwwerbréckungstaktik sollt sinn, bis den Ausbau vun den erneierbaren Energie finaliséiert ass.

Elo kéint dës Iwwerbréckung méi laang gi wéi geplangt. Niewent de Bedenke beim Klimaschutz gëtt et awer natierlech och d'Diskussioun ëm d'Mënscherechtssituatioun an de Länner. An do hat de Robert Habeck scho viru sengem Depart géigeniwwer der "FAS" festgehalen, datt Däitschland säi Besoin un Energie net nëmmen iwwer Demokratië kéint decken.

Et géif awer en Ënnerscheed ginn tëschent engem net-demokratesche Staat mat Mënscherechtsverletzungen an engem autoritäre Staat, deen en aggressiven an illegale Krich virun der eegener Dier féiert. Et ass eng erniichterend Konklusioun a vläicht och Ausdrock vun engem noutgedrongenen a realpolitesche Pragmatismus, deen ideologesch Grondsätz un d'Wackele bréngt.

Drastesch Mesuren: d'Bundesregierung ass prett

D'Ampelregierung ass zwar eréischt knapp 100 Deeg um Rudder, mee huet scho grouss politesch Ëmwälzunge missen annoncéieren, notamment an der Sécherheetspolitik. Jorelaang huet ee refuséiert Waffen a Krisegebidder ze liwweren, de Krich an der Ukrain huet hei awer een Ëmdenke forcéiert.

Genee wéi beim Theema militäresch Oprëschtung, an déi zukünfteg däitlech méi investéiert gëtt. E Freideg hat d'Ausseministesch Annnalena Baerbock eng nei national Sécherheetsstrategie ugekënnegt a kloer gemaach, datt a Krichszäiten Neutralitéit keng Optioun ka sinn.

Et kann ee sech virstellen, datt Wierder wéi "Wehrhaftigkeit" enger grénger Ausseministesch, déi fir Pazifismus steet, net einfach iwwer d'Lëpsen ginn, mee se schéngen an dësen Deeg alternativlos. Drastesch Zäiten, erfuerderen drastesch Mesuren an d'Bundesregierung beweist, datt si zu dëse bereet ass.