Radioen

On air

Notturno  |  Friendship - Ugly Little Victory

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Normale Modus? "Warscheinlech net fir Allerhellegen"

Visitt am CHEM an CHL

Normale Modus? "Warscheinlech net fir Allerhellegen"

Zousätzlech Reservcapacitéiten hu fir den Noutfall misse preparéiert ginn. Op der anerer Säit si Behandlunge verréckelt ginn an et komme manner Leit an d'Urgencen. Zwee Spideeler, de Centre hospitalier an der Stad an de CHEM zu Esch hu gëschter en Abléck an hir nei Strukturen erlaabt. Am Fall vum CHL waren de Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert op Visitt komm.

auto_stories

6 min

Etapp fir Etapp kruten d'Visiteuren déi eenzel Deeler vun der neier Zelt-Struktur virum CHL gewisen. Fir d'éischt géifen nei Patienten d'Féiwer gemooss kréien a si ginn no méigleche Covid-19-Symptomer befrot, erkläert den Dokter Marc Simon, Responsabele fir d'Urgencen am CHL.

"Uschléissend kënnt de Patient an dat éischt Triage-Zelt eran, wou seng Parametere geholl ginn, an déi ganz Saach nach eng Kéier affinéiert a bestätegt gëtt. An e gesäit dann och en Dokter, deen dann decidéiert, op de Patient suspekt ass eventuell Covid-19 ze hunn, well e mat Féiwer, mat Houscht kënnt oder well e keng Loft méi kritt. Oder awer ass et e Patient am Géigendeel, dee säi Confinement perfekt respektéiert huet an dee sech an der Kichen an de Fanger geschnidden huet, an dee Fanger muss gebitzt ginn."

D'Zelt nieft dem CHL

An deem Triage-Zelt gëtt et d'Méiglechkeet fir Blutttester ze maachen an e Scanner steet an engem Container bereet, fir den Zoustand vun de Longe vun engem méigleche Covid-19-Patient ze analyséieren.

De Scanner-Container nieft dem CHL

Dëse Beräich gëtt elo scho ronn dräi Woche benotzt. Do dernieft gëtt et beim CHL och nach eng weider Struktur mat NATO-Zelter. Dëst ass den Ament net a Betrib a soll och just fir den Noutfall sinn. Hei kënne Covid-19-Patienten hospitaliséiert an och beotemt ginn. Obwuel an den Zelter déi selwecht Behandlunge kënne gemaach gi wéi am Gebai, wier et en ongewinntent Bild, esou d'Directrice des soins am CHL Monique Birkel. "Wou e Patient keen eenzelt Zëmmer méi huet. Wou och de Sanitär net méi am Zëmmer ass, mee och ausserhalb."

D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert huet sech op alle Fall berouegt gewisen, datt d'Struktur elo prett ass.

"Fir justement net wéi aner Länner nach au dépourvu geholl ze ginn an do ze stoen, mat Leit déi an der Schlaang stinn, déi ee net ënner Daach kritt. Dat heescht, hei gesäit ee wierklech, datt mer eis mat Zäiten dru ginn hunn Infrastrukturen unzedenken, ze preparéieren. Mir hoffen a wënschen eis natierlech alleguer, datt mer déi hei Infrastrukturen net wäerte gebrauchen."

CHEM: Cafeteria gouf reamenagéiert

D'CHEM-Caféteria gouf komplett ëmfonctionnéiert

Och am CHEM zu Esch gëtt et eng nei Struktur, déi een hofft, net ze brauchen. Hei gouf d'Cafeteria vun der Klinik ëmgebaut. An 28 Better kënne Covid-19-Patiente beotemt an hospitaliséiert ginn. Mee och wa si dat Schlëmmst hannert sech hunn, si besonnesch eeler Patienten net ëmmer prett fir direkt heem ze goen. Esou den Dokter Serge Meyer, deen d'Krisenzell am CHEM leet. Am Fall wou sech d'Pandemie ausbreede géif, wieren d'Better séier besat.

"[...] well mer wëssen, datt de Covid-19 laang brauch. E brauch laang fir Leit, déi schwaach sinn, erëm op d'Been ze kommen an e brauch och laang fir Leit, déi an eng Reanimatioun ginn, fir datt si erëm vun enger Maschinn erofkommen. Mir schwätzen do vun zwou bis dräi Wochen, wat dräi Mol sou laang ass, wéi fir aner Longenerkrankungen."

CHEM-Caféteria

D'Aarbecht an de Covid-19-Sektioune wier och ganz Zäit- a Personalintensiv, erkläert de Gaston Dabée, Infirmier am CHEM. Hie schätzt, datt een deelweis duebel esou laang brauch, well ee sech speziell schützen a sech anescht undoe misst.

Et huet ee sech missen adaptéieren. D'Anaïs Cesarie schafft op der Covid-19-Statioun. Normalerweis schafft si awer an engem psychiatresche Service.

"Donc du coup c'était un peu de stress avec mes collègues, quand on a su qu'on allait dans un service Covid. En plus on ne savait pas trop quels soins on allait devoir faire, que personne savait en faite au début."

Zil: Strikt Trennung tëschent Covid-19-Patienten an "normale" Patienten

Dat éischt Zil vun den Ëmorganisatiounen a béide Spideeler ass et, Corona-Patiente strikt vun deenen aneren ze trennen. Domat soll natierlech verhënnert ginn, datt Net-Covid-19-Patienten ugestach ginn. A verschiddene Spideeler konnt een awer feststellen, datt vill manner Net-Covid-19-Patienten an d'Urgencë kommen. Esou och am CHL, erkläert d'Soins-Direktesch Monique Birkel.

"Op engem normale Gaarden-Dag hate mir soss ëmmer tëschent 200 an 270 Patienten. Dunn op eemol ware mir ënner Honnert erofgefall. An elo si mir awer erëm tëschent 120 an 150 agependelt."

Vill manner Urgencen

Datt manner Leit an d'Urgencë komm sinn, kéint domat ze dinn hunn, datt Mënschen Angscht hu sech unzestiechen. Och am CHEM wier d'Zuel vun den Urgencen ëm en Drëttel méi kleng ginn, erkläert den Dokter Meyer. Dofir géif et awer nach aner Erklärunge ginn, wéi d'Angscht.

"D'Aarbecht ass zou, de Bau ass zou, wat e grousse Fournisseur ass vun Aarbechtsaccidenter. Ganz Groussen. D'Leit sinn net op der Strooss, mir hu manner Polytraumata. Grouss Autosaccidenter si vill un de staarke Verkéier gebonnen. Kanner sinn doheem. Kanner stiechen sech awer an der Schoul u mat de Kannererkrankungen. Si sinn elo bei de Leit, bei de Grousselteren oder bei den Elteren. A mir hunn déi ganz psycho-sozial Krankheeten, déi ëm d'Aarbecht droen. Also Flemm oder keng Loscht hu schaffen ze goen, wat een awer och an den Urgencë gesäit, déi och net kommen."

Wéinst der Corona-Pandemie hunn d'Spideeler vu sech aus eng Rei Servicer ageschränkt an net urgent Behandlungen verréckelt. Natierlech wieren awer och déi wichteg, seet den Dokter Meyer. Et misst deemno och nogeduecht ginn, wéi ee verschidde Servicer nees ophuele kann.

"Wa méiglech bei Saache bleiwen, wou d'Leit net am Spidol musse bleiwen. Dat heescht Ambulantes, ambulant Chirurgie, Radio-Diagnostik, Endoskopien, kann een duerchaus héich fueren, wann een dovunner ausgeet, datt ee ganz groussen Deel vun deene Leit kënne kommen an och erëm kënne goen. Dat ass déi éischt Etapp. An enger zweeter Etapp muss ee weider kucken, fir dann och vläicht an ee méi normale Modus ze kommen. Mee wann een awer iwwerleet, ass dat warscheinlech net fir Allerhellegen."