Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Referendum méi virun de Walen

Nordstad

Kee Referendum méi virun de Walen

De Projet Nordstad bleift eng schwéier Gebuert. Déi geplangte Fusioun vun de fënnef Nordgemengen Dikrech, Ettelbréck, Bettenduerf, Ierpeldeng a Schieren waart zënter Joren op hir Ëmsetzung. Elo wäert et weidere Retard ginn: Esouwuel de Buergermeeschter vun Ettelbréck, de Jean-Paul Schaaf, wéi och d'Spriecherin vum Fusiounskommitee Pascale Hansen halen e Referendum nach virun de Gemengewalen am Juni 2023 fir net realistesch.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Prinzipiell ass een sech eens, datt déi Fusioun esouwuel politesch wéi och finanziell fir d'Bierger aus de betraffene Gemengen interessant ass: 2018 gouf et mat 52 Jo- an enger Nee-Stëmm aus de Gemengeréit e kloert Mandat fir Gespréicher. Mee elo réckelen d'Gemengewale méi no.

E Samschdeg um CSV-Kongress hat den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf et schonn ugedeit: Ee Referendum nach virun de Walen am Juni 2023 ass net realistesch:

"Et misst ee jo wierklech nach e Fusiounsprojet finaliséieren, a wann de Referendum positiv ass, dann e Gesetzesprojet duerch d'Chamber bréngen. Déi Politiker, déi mat an déi Wale wëlle goen, mussen sech och nach organiséiert kréien, fir dann och mat engem Programm a mat Leit opzetrieden. Ech mengen dat ass ze séier. Et soll een dat och net iwwer de Knéi briechen."

"Et muss een sech déi néideg Zäit loossen"

Och d'Pascale Hansen, Spriecherin vum Fusiounskommitee a Buergermeeschtesch vu Bettenduerf, gëtt engem Referendum virun de Gemengewale keng Chance méi:

"Effektiv gëtt de Referendum ëmmer méi onwarscheinlech virun de nächste Gemengewalen. De Referendum muss gutt virbereet ginn an et soll ee jo och den Aval vun de Bierger hunn, seng Gemengeréit a seng Bierger maximal gutt informéieren. Do muss een sech fir den Dossier eben déi néideg Zäit loossen."

Iddi fir Referendum zäitgläich mat de Gemengewalen ofzehalen

An den nächste Woche géifen déi fënnef Gemengen nach emol matenee iwwert den Zäitplang schwätzen. Dem Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf no kéint een de Referendum eventuell zesumme mat de Gemengewalen ofhalen:

"Mir hunn d'Leit am Juni 2023 all am Walbüro. Da wier dat jo eigentlech e gudde Moment, fir de Referendum do matzemaachen. Et geet een also vu senger jeeweileger Gemeng säi Gemengerot wielen. Gläichzäiteg wier dann och d'Fro vum Referendum woumat een dann als Wieler dem nei gewielte Gemengerot den Opdrag gëtt: Jo, mir hätte gären, datt an dëser Legislaturperiod fusionéiert gëtt."

Dat ganzt muss awer nach mat den anere véier Gemengen ofgeschwat ginn, et gëtt wuel nach keng Unanimitéit iwwer de Referendumsdatum.