Chamberwahlen 2018 Norden: Ee Sëtz vun der LSAP un d'ADR

Den Norden ass den zweete Bezierk, deen elo komplett ausgezielt ass. Am flächeméisseg gréisste Bezierk bleift d'CSV stäerkste Partei.

claude turmes.jpg
  • D'CSV kënnt op 32,27 Prozent a verléiert deemno just annerhallef Prozentpunkte géigeniwwer 2013. D'CSV hält véier Sëtz, gewielt sinn: Martine Hansen, Marco Schank, Emile Eicher, Aly Kaes
  • D'DP kënnt op 17,15 Prozent a behält zwee Sëtz, gewielt sinn: Fernand Etgen, André Bauler
  • D'LSAP kënnt op 15,72 Prozent, verléiert ronn 2,5 Prozentpunkten an domat och ee Sëtz, gewielt ass de Romain Schneider
  • déi gréng kommen op ronn 13 Prozent, véier Prozent méi wéi 2013. Domat behale si ee Sëtz, gewielt ass de Claude Turmes
  • D'ADR klëmmt vu 6,36 Prozent 2013 op 9,87 Prozent a kann ee Sëtz fir sech behaapten, gewielt ass de Jeff Engelen
D'ADR gewënnt deemno ee Sëtz, op Käschte vun der LSAP.
Och am Norde leeën d'Pirate staark zou, vun 3,37 Prozent op 7,7 Prozent. Dat geet awer net duer fir e Sëtz.
déi Lénk kommen op 3,54 Prozent a kréien domat kee Sëtz an der Chamber.
D'KPL kënnt kënnt op 0,8 Prozent.

Reaktiounen

Den LSAP-Parteipresident a Buergermeeschter vun Dikrech Claude Haagen verléiert säi Mandat. De Spëtzekandidat am Norde Romain Schneider huet, éier dat definitiivt Resultat bekannt war, nach gehofft, datt d'LSAP hir zwee Sëtz kéint behalen a sot, "d'LSAP ass an dës Wahle gaangen, fir deen zweete Sëtze ze behalen". "Mee ech menge mir si mat där Equipe opgestallt fir - wann et da sou ass - deen zweete Sëtze erëmzehuelen", sou de Romain Schneider.

De Claude Turmes (déi gréng) wéist sech an enger éischter Reaktioun erliichtert, "datt mir de Sëtz am Norde gehalen hunn. "Mir mussen e grousse Merci soen un de Camille Gira posthum, deen déi gréng am Norde staark gemaach huet."

Vun de Regierungsparteien hätten déi gréng déi kloersten Aussoe gehat. D'Leit hätte verstanen, datt mat de Gréngen an der nächster Regierung dëst Land an der Wuesstumsdebatt net ënner de Bagger kënnt", sou de Claude Turmes.

Claude Haagen: "LSAP huet Zil am Norden net erreecht"

Et géif net ëm hie goen, sou den Dikrecher LSAP-Buergermeeschter Claude Haagen an enger éischter Reaktioun. D'LSAP hätt wëllen am Norden den zweete Sëtz ofsécheren, "dat ass eis leider net gelongen, aus verschiddenen Ursaachen. Wann ech d'Zuelen elo kucken, dann sinn am Norden d'Pirate gestäerkt ginn, wat mech e bësse verwonnert, mee bon de Wieler huet geschwat, op dat elo Protestwieler sinn oder net, dat soll dohinner gestallt sinn. Mir als LSAP Norden hunn eist Zil net erreecht", sou de Claude Haagen.

Jean Schoos: "Resultat vu konsequenter Oppositiounspolitik"

Den ADR-Parteipresident Jean Schoos begréisst, datt d'Partei am Bezierk Norden erëm ee Sëtz krut. De Jeff Engelen gouf an d'Chamber gewielt. De Sëtz ass ee Reschtsëtz vun der LSAP, deen un d'ADR gaangen ass. Grond dofir wier zum Deel de Wahlsystem, seet de Jean Schoos.

D'LSAP hätt och 2013 de Rechtsëtz kritt, "sou just, obwuel si deemools Stëmme verluer hunn, si hu jo dës Kéier nach eng Kéier Stëmme verluer. A mir hunn eng konsequent Oppositiounspolitik gemaach. Mir haten ee gudde Programm. Déi Equipe vun deenen néng Leit do uewen - allen néng - hu sech extrem agesat fir erëm de Sëtz zeréckzekréien. Ech menge si hate bal eng 40 Wahlveranstaltungen ...", sou de Jean Schoos.

Fernand Etgen: "DP zweetstaarkst Kraaft am Norden"

"Et war eist erkläertent Zil, eis zwee Sëtz am Norden ze behalen. Den Owend kënne mer soen: Mission accompli. Zanter 1959 huet d'DP e Sëtz gewonn, ni e Sëtz verluer, an och dëst Joer bléift déi Demokratesch Partei zweetstäerkste Kraft am Norden."

Méi zum Thema

IMG_8844(1).JPG
Chamberwahlen 2018

D'CSV verléiert siwe Prozentpunkten, mee behält hir dräi Sëtz. D'Pirate leeë prozentual staark zou, mee kréie kee Sëtz.

Live Ticker
Chamberwahlen 2018

Bleift de ganze Wahlsonndeg um Courant, iwwer déi neisten Entwécklungen, Resultater, Kommentaren an Analysen iwwer d'Chamberwahlen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen