Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Blossoms - What Can I Say After I'm Sorry?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nominatioun vu Klimakommissär stéisst am EU-Parlament op Kritik

EUROPÄESCHE GREEN DEAL

Nominatioun vu Klimakommissär stéisst am EU-Parlament op Kritik

De fréiere Finanzminister an aktuellen Ausseminister, Wopke Hoekstra, wier net dee richtegen Kandidat, fir EU-Kommissär fir de Klimaschutz ze ginn, heescht et bei deene Lénken, Gréngen a Sozialisten am Europaparlament.

auto_stories

4 min

Lauschterenplay_arrow

Déi hollännesch Regierung hat de fréieren Finanz- an Ausseminister als Kandidat proposéiert, fir den Frans Timmermans, deen déi lescht Woch als EU-Kommissär demissionéiert hat, ze ersetzen. En Dënschdeg den Owend hat d'Cheffin vun der Kommissioun, d'Ursula von der Leyen déi Nominatioun ugeholl an dem Hollänneschen Chrëschtdemokrat den Dossier vum Klimaschutz attribuéiert.

Marc Angel: Sozialiste mussen Klimaschutz-Dossier behalen

De Wopke Hoekstra hätt eng grouss Experienz an Europäeschen Dossieren, seng Regierungserfarung wier ee wäertvollt Kapital fir déi europäesch Klima-Diplomatie, sou d'Ursula von der Leyen an engem Communiqué no engem Gespréich mam hollännesche Kandidat, dee wéi si ee Member vun der Europäescher Vollekspartei ass.

D'Sozialisten hate schonn am Virfeld reklaméiert, datt hir Partei den Dossier vun der Klimapolitik behalen misst, virun allem en vue vun de rezente Versich vun de Chrëschtdemokraten, den europäesche Klimapak, de "Green Deal" ze verwässeren.

D'Europäesch Unioun dierft hei elo kee Schratt no hanne goen, seet den LSAP-Europadeputéierten Marc Angel. De "Green deal", misst ee rout Häerz behalen.

"Den Haer Timmermans huet wierklech gutt Aarbecht gemaach. Hie war Champion vum Green Deal, en huet dee mat Leif a mat Séil virubruecht. Mir sinn an enger Klima-Urgence a mir brauchen ee Kommissär deen dat genau esou weidermécht wéi dat de Frans Timmermans gemaach huet."

Wéi wichteg dat ass, hätt ee grad beim Renaturéierungsgesetz gesinn, géint dat sech virun allem déi Europäesch Vollekspartei vehement agesat huet - och d'Vertrieder vum Wopke Hoekstra senger Partei, der CDA.

Tilly Metz: Hoekstra ass keen Expert a Klimafroen

Och seng europäesch Astellung gëtt kritiséiert. Wärend der Pandemie ass den deemolegen hollänneschen Finanzminister negativ opgefall andeems hien d'Corona-Hëllefspläng an domat fir verschiddener déi europäesch Solidaritéit a Fro gestallt huet.

Den Hollänner géif, dat hat d'Ursula von der Leyen preziséiert, ënnert der Regie vum sozialisteschen Vizepresident vun der Kommissioun, dem Maros Sefkovic agéieren , deen responsabel fir dee ganze "Green Deal" wier.

D'Tilly Metz vun deene Gréngen versteet d'Strategie vun der Kommissiounspresidentin net.

"Dat ass eng onglécklech Situatioun, datt et elo een virgesinn ass, deen oppasst, datt deen anere net ze vill Dommheete mécht. Dat ass kee gudde Point de Depart fir esou ee wichtegen Dossier."

Och d'Tilly Metz kritiséiert d'Nominatioun vum Wopke Hoekstra, dee fréier fir de Pëtroslskonzern Shell geschafft huet. Hie wier keen Expert a Klimafroen.

"Klima an Ëmwelt schéngt net säin Truc ze sinn. Als Minister an Holland hat hien zum Beispill trotz där grousser Nitrobelaaschtung proposéiert, all d'Mesuren an deem Beräich op Äis ze leen."

Christophe Hansen: Eng méi pragmatesch Approche

Anescht gesäit datt den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen, Member vun där nämmlechter politescher Famill wéi den Hollännesche Kandidat. Als Kritiker vum Naturschutzgesetz hofft hien op anere Wand an der Kommissioun a Saache Klimaschutz.

"Ech denken, et gëtt méi eng pragmatesch Linn. Déi Saachen, déi mer hei decidéieren mussen och um Terrain ëmsetzbar. Do ass hie méi ee pragmateschen, dee kuckt, d'Enner beieneen ze kréien. D'Ambitioun an d'Realisatioun vu Projeten, dat heescht datt mer um Terrain éischter méi Resultater kréien."

Den Wopke Hoekstra muss sech an engem Hearing de Froen vum Parlament stellen. Dat gëtt net einfach fir hien, seet d'Tilly Metz viraus.

"Ech hoffen, datt e gegrillt gëtt an datt d'Ressorten anescht opgedeelt ginn."

Fir dat ze erreechen, misst d'Parlament sech an där Fro eens sinn.

Villes wäert do op déi Liberal Fraktioun ukommen. Den Hollänner misst beweisen, datt hien dee richtege Mann ass, dat wier nach net decidéiert, sou de Liberale President vun der Ëmweltkommissioun, de Pascal Canfin op Twitter.