Radioen

On air

Notturno  |  Karen Dalton - Something On Your Mind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ​Nom Brexit: Gestéckels am Europaparlament

EU-Politesche Wocheréckbléck

​Nom Brexit: Gestéckels am Europaparlament

Um Freideg, 31. Januar, Hallefnuecht eiser Zäit, verléisst Groussbritannien d'Europäesch Unioun. Déi éischt ganz praktesch Konsequenz dovun ass, datt déi 73 brittesch Europadeputéiert mussen hiert Mandat ofginn.

auto_stories

1 min

D'Parlament wäert an Zukunft net méi 751, mee just nach 705 Deputéiert hunn. Nei dobäi si vun elo un 27 Europadeputéiert aus 13 verschiddene Länner. Doduerch verännert sech d'Zesummesetzung vun de politesche Gruppen an et kéint sinn, datt déi riets-extrem Fraktioun Identitéit an Demokratie, an där ënner anerem déi däitsch Alternative für Deutschland, de franséische Rassemblement an d'Freiheitliche Partei Österreichs sëtzen, déi véiert stäerkst Kraaft am Europaparlament ginn.

Wat verännert sech konkret? Wéi eng Konsequenze sinn ze erwaarden?

Lauschtert d'Gespréich mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.