Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nom Accident zu Bäerdref: Wéieng Konsequenze gi gezunn?

Mëllerdall

Nom Accident zu Bäerdref: Wéieng Konsequenze gi gezunn?

Wéi eng Konsequenze wäerte gezu ginn, nom trageschen Accident e Sonndeg zu Bäerdref? Ee Jong vu néng Joer war vun enger Fielsplattform an eng Schlucht gefall an ëm d'Liewe koum. Et wier net méiglech, iwwerall op de Wanderweeër Barrièren ze bauen: Dat seet de Bäerdrëffer Buergermeeschter Joé Nilles.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Op der Däiwels-Insel, wéi déi Plattform genannt gëtt, steet kee Warnschëld an och kee Gelänner, erkläert de Buergermeeschter. Et wier laang näischt geschitt, bis et elo zu dësem trageschen Accident koum, bedauert de Joé Nilles.

"Wa sou eppes geschitt stellt ee villes a Fro. An da kuckt een natierlech och ob et net vläicht Materialversoe war um Terrain. Et war effektiv kee Material Feeler. Effektiv, op der Plaz ass guer näischt do."

E Gelänner wäert warscheinlech net op der Fiels-Plattform installéiert ginn: Et kéint een net de ganze Bësch elo zouspären, esou de Joé Nilles.

Mat Schëlder weisen, datt Liewensgefor besteet

Mee et géif ee lo sou séier wéi méiglech, zesumme mam Fierschter, kucken, fir op verschiddene Plaze Warnschëlder ze placéieren. Dat op Plazen, wou eng grouss Gefor besteet, wéi eben op der Däiwelsinsel, bei där den Accident geschitt ass.

"Et ass elo de Moment komm, datt ee muss Leit, déi an de Bësch ginn, drop hiweisen, datt et geféierlech Plaze gi bei eis am Bësch. An datt een do soll sech deementspriechend behuelen. De Leit also ganz kloer mat Schëlder weisen, datt do Liewensgefor besteet."

Fir de Buergermeeschter vu Bäerdref Joé Nilles wier et och wichteg, eng national Léisung ze fannen an och d'Warnschëlder eenheetlech ze maachen. Wat ee Sonndeg zu Bäerdref geschitt ass, hätt och op villen anere Plazen am Land kéinte geschéien. Dofir géif ee sech och mat den zoustännege Ministèren a dem Office du Tourisme austauschen.