D'Laascht vun de Scholden, déi d'Entwécklungslänner droen, huet deen héchste Niveau erreecht, deen et jeemools gouf, schreift d'ONG Eurodad an engem Rapport.
Dem Internationale Währungsfonds no ass just nach ee vu fënnef Länner ouni Risiko.
Besonnesch betraff sinn afrikanesch Länner, déi vum Export vu Matière premièren ofhänken, wëll déi Präisser massiv gefall sinn.
Méi privat Kreditter
De Finanzéierungsmodell vun Entwécklungslänner huet sech an de leschte Jore verännert. Si maachen Emprunte bei private Creancieren op den internationale Finanzmäert, dat zu héijen Zënsen.
Kreditter sinn net onbedéngt konstruktiv wann et drëm geet, ee Land weiderzeentwéckelen. Westlech Länner verfollegen eegen Ziler mat deene Kreditter, an dat huet net ëmmer eppes mat Entwécklungshëllef ze dinn, seet de Bodo Ellmers vun der ONG Eurodad.
Migratioun ass do een Thema, dat ëmmer méi wichteg gëtt. "Et ass eigentlech skandaléis, datt grad Länner, déi vill Flüchtlingen ophuelen, Kreditter vun der EU kréien", seet de Bodo Ellmers. Dat wier aus ekonomescher Perspektiv natierlech net sënnvoll, well doduerch kee Gewënn kann entstoen, deen dozou bäidréit, datt déi Schold och nees kann zeréckbezuelt ginn.
Creanciere responsabiliséieren
Och déi, déi Kreditter verginn, droen eng grouss Responsabilitéit. Dat ass ee vun den Haaptmessagë vun engem Rapport vum Europaparlament. D'Initiativ kënnt vum Lëtzebuerger Europadeputéierten Charel Goerens vun der DP.
Besonnesch problematesch wier et wa Länner, déi selwer net genuch Steierrecetten hunn, op Kreditter géifen zeréckgräifen. Si sinn dono dem Drock vun de Creancieren ausgesat a mussen d'Suen zeréckbezuelen amplaz se zum Beispill an de Gesondheetssystem ze stiechen.
D'Recht op Entwécklung, sou eng Haaptfuerderung vum Rapport, muss iwwer dem Zeréckbezuele vun de Scholde stoen.
Transparenz gefrot
Virun allem wann d'Hëllef un déi äermste Länner geet, sollt se éischter a Form vun engem Don fléisse wéi a Form vun engem Kredit, recommandéiert d'Parlament a sengem Rapport.
Lëtzebuerg mécht dat esou. Trotzdeem steet am Rapport och eppes fir de Grand Duché dran. D'EU sollt Steierparadäiser a Länner mat aggressive Steierpraktike bekämpfen, heescht et am Punkt 13. D'Europäesch Kommissioun hat Lëtzebuerg viru Kuerzem esou eng Praxis ënnerstallt.
Op d'Lëtzebuerger Responsabilitéit an deem Beräich ugeschwat, bleift de Charel Goerens éischter op der Linn vun der Lëtzebuerger Regierung. Wann d'Steierparadäiser all géife verschwannen, géife mir eng Welt kréien, déi méi transparent wier. Wëll Lëtzebuerg an deem Beräich "vu wäit kënnt", wier et verständlech, datt ee sech do schwéier deet. De politesche Choix, op aner Weeër ze goen, wier awer gemaach. Do missten dann awer anerer matmaachen, "fir datt net Steierparadäiser duerch anerer ersat ginn".
D'EU kéint déi Regelen, déi schonn um Niveau vun de Vereente Natiounen diskutéiert ginn, iwwerhuelen, sou d'Recommandatioun vum Parlament.
Eng wichteg Regel betrëfft d'Transparenz. An zwar och op der Säit vun de Creancieren. Dat wier och da besonnesch wichteg, wann d'Länner, déi d'Scholde maachen, d'Informatiounen doriwwer net public maachen, sou de Bodo Ellmers vun der ONG Eurodad.
International Schiedsgeriicht an der Diskussioun
D'EU sollt hir eege Wäerter och als Critère huelen, wann et drëm geet, Suen ze verléinen, fuerdert de Charel Goerens. Dat heescht och, datt déi national Parlamenter sollte mat agebonnen ginn a kee Kredit sollt vergi ginn, wann dat net de Fall war.
Et wier wichteg, datt eng international Instanz als Schiidsgeriicht fungéiert, seet de Bodo Ellmers. Si sollt um Niveau vun de Vereente Natiounen ugesidelt ginn. Et wier elo un der Kommissioun, d'Initiativ ze iwwerhuelen a Gesetzesproposen ze maachen.
Et kéim effektiv op de politesche Wëlle vun der Kommissioun a vun de Memberlänner un, fir dofir ze suergen, datt Instrumenter geschafe ginn, déi weider Scholdekrise verhënneren, seet och de Charel Goerens.