Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jorja Smith - Little Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nobesserungen a Präzisioune neideg

Covid-19-Gesetzer

Nobesserungen a Präzisioune neideg

Bei den zwee Covid-19-Gesetzer wieren nach Nobesserungen a Prezisioune néideg. Där Meenung ass den Droitsprofesser vun der Uni Lëtzebuerg, Stefan Braum. Hie plädéiert fir e méi generellt Epidemie-Gesetz, dat och internationale Standarden entsprécht - versteet awer och, datt esou e Gesetz net an där kuerzer Zäit konnt entstoen.

auto_stories

4 min

De Stefan Braum ass Droitsprofesser op der Uni Lëtzebuerg. Foto: Archiv

Déi zwee elo geplangte Gesetzer wieren eng kuerzfristeg Äntwert a nach et wieren Nobesserungen néideg, fënnt de Stefan Braum.

"Die Reaktion des Gesetzgebers ist verständlich. Man muss jetzt irgendwie aus dem Etat de crise raus, man brauch dafür eine Rechtsgrundlage. Das ist auch absolut begrüssenswert, zumal auch das Parlament wieder mit im Spiel ist, und wie wir sehen, auch entscheidend mitredet."

Op mannst an der éischter Fassung vun den zwee Gesetzestexter wieren eng Réi Onkloerheeten dran, seet den Droitsprofesser. Sou muss kee Mask gedroe ginn, bei Aktivitéiten, wou dëst net méiglech ass. Am Text géif awer net präziséiert ginn, wat dat fir Aktivitéite sinn.

"Der Gesetzgeber weist auch darauf hin, dass die Definition dessen, was hohes Risiko ist, den jeweiligen wissenschaftlichen Erkenntnissen geschuldet ist. Also hohes Risiko als Definition erweist sich als etwas, was von vorne herein unbestimmt ist, und mit dem Wandel wissenschaftlecher Erkenntniss eng verbunden ist."

Knackpunkt Zwangshospitaliséierungen

E wichtege Punkt, bei deem de Stefan Braum ee Bedarf fir Nobesserunge gesäit, ass dee vun der Zwangshospitaliséierung. Dës ka vum Procureur d'état decidéiert ginn, wann eng Persoun net doheem kann isoléiert ginn, well si do aner Mënsche géif a Gefor bréngen - gläichzäiteg awer net fräiwëlleg an e Spidol wëllt.

"Das ist etwas, das völlig neu ist, was selbst im Etat de crise nicht diskutiert worden ist. Und das stellt einen sehr sehr schweren Grundrechtseingriff dar, der nach einer präzisen Beschreibung der Voraussetzungen verlangen würde."

D'Entscheedung fir eng Zwangshospitaliséierung muss an zwee Deeg vum jeeweilegen Tribunal d'Arrondissement bestätegt ginn. Ze laang, fënnt de Stefan Braum.

"Das ist etwas, was mit wirksamem Rechtsschutz und Zugang zu juristischer Kontrolle schwer zu vereinbaren ist. Stellen Sie sich vor, sie sind 48 Stunden möglicherweise zu Unrecht zwangshospitalisiert und nach zwei Tagen ergeht dann eventuell eine verwaltungsrichterliche Entscheidung."

Mesurë musse verhältnissméisseg sinn

Déi verschidde Mesurë wéi beispillsweis d'Quarantän, d'Isolatioun an d'Zwangshospitaliséierung missten an engem klore System vu Verhältnisméissegkeet stoen. Virbiller heifir kéinten déi däitsch oder schwäizeresch Gesetzgebung sinn, seet den Droitsprofesser.

Am Covid-Gesetz, dat d'Privatpersoune betrëfft, sinn och eng Réi generell Mesure festgehalen, wéi zum Beispill eng Begrenzung vun de Leit, déi ee bei sech doheem kann alueden. Bei Verstéiss si Strofe virgesinn. Hei mengt de Stefan Braum:

"Wenn man wirklich will, und es wäre gut wenn man das wollte, und ich glaube, das ist auch das politische Ziel, dass man die Eigenverantwortung der Bürger stärkt, dann wäre es konsequent, dass man diese Maßnahme als Gebot formuliert, sie aber straflos lässt."

Am Gesetz gëtt och gereegelt, datt Donnéeë vu Leit, déi infizéiert sinn an deenen, déi am Verdacht stinn, mam Coronavirus infizéiert ze sinn, gesammelt ginn. Den Zweck vun dëser Datesammlung misst besser definéiert ginn, seet hei den Droitsprofesser. Et misst tëscht deenen zwou Gruppen differenzéiert ginn.

"Zumindest müsste man klarmachen, dass die Daten der Krankheitsverdächtigen Personen dann gelöscht werden, und nicht nur anonymisiert, wie es im Gesetz steht. Sie müssen gelöscht werden, sobald der Krankheitsverdacht entfällt. Bei kranken Personen kann man sich möglicherweise darauf einigen, dass man die Daten für einen gewissen Zeitraum behält, sie dann anonymisiert und dann später löscht."

Fir den Droit-Professer Stefan Braum mussen also nach eng Rei Ännerungen um Gesetz virgeholl ginn.

Déi zwee Covid-19-Gesetzer wiere fir hien och just e Provisorium an et misst ee sou séier wéi méiglech ufänken doriwwer ze diskutéieren, wann ee wéilt en nohaltegt Pandemie-Gesetz op de Wee bréngen, dat den internationale Standarde Rechnung dréit. "Das tut es sicherlich noch nicht", esou de Stefan Braum.