Schwéier Stierm am Süde vu Lëtzebuerg No Tornado-Passage: Annonce vu weidere Mesuren no Regierungsrot

De Samschdeg den Owend um 8 Auer ass en extraordinaire Regierungsrot. Et wier elo wichteg, fir einfach Prozeduren an d'Weeër ze leeden, seet de Premierminister Xavier Bettel, et misste séier Léisunge fonnt ginn. De Wirtschafts- de Mëttelstands- an de Familljeministère wäerten zesummen iwwer den Deblockage vun Direkthëllefen decidéieren. Et géif verschidde Prozedure ginn, déi de Samschdeg Owend sollen op de Wee bruecht ginn, sou de Premierminister. Direkt nom Regierungsrot géif d'Press iwwer déi weider Mesuren informéiert ginn.

Maxi Pesch / Françoise Keller / Chris Zeien

Update 18h 3
Foto: Françoise Keller

De CGDIS hätt sech de Freideg den Owend relativ séier en Iwwerbléck kënne verschafen, seet de Generaldirekter vum CGDIS. Et hätt ee séier kënnen Entwarnung ginn, datt keng Persoune géife vermësst ginn. D'Opraum- a Securisatiounsaarbechte wieren déi ganz Nuecht duerch viru gaangen, sou de Paul Schroeder. D'Zuel vun den Haiser, an déi d'Leit net méi kéinten zeréckgoen, wier fir de Moment op ronn sechs reduzéiert ginn.

Foto: Françoise Keller

Nom Passage vum Tornado de Freideg waren de Premierminister Xavier Bettel, grad wéi d'Inneministesch Taina Bofferding, den Aarbechtsminister Dan Kersch an de Grand-Duc Henri de Samschdeg Mëtteg zu Käerjeng an zu Péiteng, fir sech e Bild vun der Situatioun um Terrain ze maachen.

Foto: Françoise Keller

Op Facebook goufen direkt e puer Spenden-Aktioune gestart, déi bannent e puer Stonne méi wéi 40.000 Euro gesammelt hunn. Zesumme mat de Gemenge soll elo gekuckt ginn, wéi d'Sue kënnen agesat ginn.

An der Mediathéik:

Panorama / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

marc hengen.JPG
No de schwéiere Stierm am Süde vu Lëtzebuerg

D'Assurancen hunn hire Cliente verséchert, si nom Tornado ze ënnerstëtzen. Zanter dem Freideg den Owend wieren déi meescht Agencë fir hir Clienten op, seet de Marc Hengen, Direkter vum Daachverband vun den Assurancen.

PK no Tornado
No Tornado am Süde vu Lëtzebuerg

De Plan intemperies gouf declenchéiert fir finanziell Hëllef séierst méiglech kënne fräizesetzen. Weider Prioritéite sinn d'Securisatioun vun den Haiser an den Héichspannungsleitungen, sou den Direkter vum CGDIS.

Käerjeng 1
Schwéier Onwiederen

Beim Passage vun engem Tornado, deen de Freideg schwéiere Materialschued am Raum Péiteng gemaach huet, goufe 14 Leit blesséiert. Um hallwer 3 an der Nuecht waren der nach zwee vun hinnen hospitaliséiert, deelt d'Regierung mat.

Opraumen no Tornadoen zu Péiteng
Tornadoen

Bei de schwéieren Onwiederen am Süde vum Land sinn am Ganze siwe Persoune blesséiert ginn, eng dovu méi schlëmm. Dat schreift de CGDIS an engem Communiqué um néng Auer de Freideg den Owend.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen