Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Finnland kéint och Schweden NATO-Member ginn

NATO-Bäitrëtt

No Finnland kéint och Schweden NATO-Member ginn

De Jean Asselborn begréisst datt Finnland um Dënschden offiziell den 31. Member vun der NATO ginn ass. Et wier een "historeschen Dag". Finnland a Schweden hate kuerz nom Ufank vum russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain zäitgläich eng Demande fir een NATO-Bäitrëtt gestallt. Mam Bäitrëtt vu Finnland an d'Militärallianz huet sech d'NATO-Baussegrenz mat Russland elo méi wéi verduebelt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Mat enger feierlecher Zeremonie ass Finnland um Dënschden zu Bréissel an d'Nato opgeholl ginn, wärend de Bäitrëtt vu Schweden weider vun der Tierkei a vun Ungarn blockéiert gëtt. Aus tierkescher Siicht géing Schweden net genuch géint Terrororganisatiounen op sengem Territoire virgoen, dorënner déi kurdesch Aarbechterpartei PKK, déi op der EU-Terrorlëscht steet.

Eng Decisioun déi de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn kritiséiert. Hie géing net verstoen datt sou eng wichteg Decisioun, déi am Interêt vun de Leit a Schweden ze huelen ass, blockéiert gëtt. Den tierkeschen Ausseminister Çavuşoglu, ass zwar net deen deen d'Decisiounen hëlt. Mee vu villen aneren Ausseminister hätt e scho gesot kritt dat den tierkesche President Erdogan sollt "de Fouss vun der Brems huelen."

Schweden kéint nach dëse Summer Member ginn

De LSAP-Ausseminister bléckt dem Nato-Bäitrëtt vu Schweden awer weider optimistesch entgéint. Hien hofft datt dat sech an den nächsten dräi Méint konkretiséiert. Virun de Walen an der Tierkei Mëtt Mee, wäert awer näischt geschéien. De Jean Asselborn geet awer dovun aus, datt Schweden nach virum Sommet zu Vilnius kéint an d'NATO opgeholl ginn.

D'Nato-Generalversammlung zu Vilnius a Litauen ass Mëtt Juli. Um Dënschden huet och den ukraineschen Ausseminister Kuleba d'Nato-Memberen zu Bréissel drun erënnert, datt säi Land dat nämmlecht Zil hätt ewéi Schweden a Finnland. Déi Diskussioun kéint den Ament nach net gefouert ginn, erkläert de Lëtzebuerger Ausseminister.

NATO wier en Verdeedegungspakt, keen Ugrëffspakt

Et géif zwar eng Strategie fir e NATO-Ukrain Rapprochement ginn, mee eng Decisioun kéint réischt geholl gi wann de Krich eriwer wier. De Jean Asselbron ënnersträicht, datt d 'NATO keen Ugrëffspakt wier, mee e Verdeedegungspakt. Et wier nach ni en NATO-Zaldot a Russland gewiecht. NATO-Memberlänner géingen sech géigesäiteg an hier Wäerter verdeedegen.

"A mir wësse wat virgeet an der Ukrain, et ass net nëmmen ee Krich vun de Russe géint d'Ukrain. Et ass e Krich géint alles wat Demokratie ass, wat d'Rechtsstaatlechkeet ass, wat eis Wäerter vun der Demokratie ugeet."

Et dierft een net dorop erfalen, datt Russland als Reaktioun op den NATO-Bäitrëtt vu Finnland elo nees géing mat Atomwaffen droen, mengt de Lëtzebuerger Ausseminister. Wat Russland dovu géing halen, misst der NATO elo egal sinn.