Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Yard Act - Dream Job

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "No der Iwwerschwemmung ass virun der Iwwerschwemmung"

Héichwaasser

"No der Iwwerschwemmung ass virun der Iwwerschwemmung"

No de 7èmen gëschter ass et haut un den anere Secondairesklasse fir erëm zeréck an d'Schoul ze goen. Alles an allem wäerten elo eng 40.000 Schülerinnen a Schüler grad wéi ronn 5.000 Proffen d'Klassesäll vun de Lycéeën erëm beliewen. De private Lycée Emile Metz huet intensiv Méint hannert sech an awer ass fir d'Rentrée bal alles beim Alen - nodeems d'Schoul schwéier vum Héichwaasser am Juli getraff gi war.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


D'Uelzecht leeft eemol queesch duerch den Haff vum Lycée technique Emile Metz an huet seng Spueren an der Nuecht op de 15. Juli op ville Plazen hannerlooss. Den Yves Streff, assistant à la direction, war Moies ee vun den éischten op der Plaz.

"Ech hunn eng Kéier an d'Gebai erageluusst, do hunn ech d'Dreckskëschte gesinn am Gank ronderëm schwammen, an d'Teppecher am Gank schwammen, do wousste mir wat lass wier."

Sämtlech Ateliere goufen iwwerschwemmt, Killwaasser an Ueleg vu Maschinnen aus ausgelaf, Plättercher hu sech gehuewen.

No den Iwwerschwemungen huet och um informatesche Material gefeelt

Elo, zwee Méint méi spéit ass vum Schued bal näischt méi ze gesinn, mee nach bis viru Kuerzem waren Aarbechter hei am Dauerasaz. Et hätt ee vill vun hinne verlaangt, seet den Yves Streff.

Et wier vu 6 Auer Moies bis owes 6 geschafft ginn, seet d'Martine Berchem, Directrice vum Emile Metz. "Dat war wierklech e Marathon."

D'Directrice Martine Berchem an den Yves Streff

Vu Schüler iwwer Proffen an anert Personal hätten och direkt nom Héichwaasser der vill sech fräiwëlleg gemellt fir hëllefen ze kommen. Resultat: de Lycée wier elo erëm quasi voll asazbereet.

Egëtt awer zum Beispill keen Ersatz fir d'Instrumenter vun der Schoulband, eng Inconnue ass och d'Mediathéik: Si wier zwar do, mee net do, wou se normalerweis ass.

"Lo musse mer kucken, wéi d'Kanner awer un d'Bicher kommen. Dat gëtt en Challenge fir d'nächst Joer", gëtt d'Martine Berchem zou, eng digital Léisung wier awer a Siicht.

No den Iwwerschwemmunge ware Loftentfiichter néideg ginn

Wéi héich de Schued an Euro ausgedréckt wäert sinn, wier den Ament nach net kloer.

"Mir hunn d'Rechnungen nach net all kritt, mir hunn och d'Devisen, déi mir fir aner Saachen ugefrot hunn, nach net kritt. Dat muss natierlech bezuelt ginn, zum Deel gedroen iwwer Assurancen, zum Deel wësst Dir, datt den Emile Metz eng privat Schoul ass, mee si gëtt och iwwer d'Privatschoulgesetz finanzéiert a mir hoffen, datt mir do och Hëllef vum Staat kréien an ech mengen, datt dat zimmlech gutt ausgesäit."

Op Iwwerschwemmunge virbereet sinn

1995 war de Lycée technique Emile Metz schonn eemol vum Héichwaasser getraff ginn. Eng Rei Moossname waren deemools geholl ginn, elo wëllt een d'Theema awer nach eemol ugoen.

Et hätt een am Vertraue gelieft, datt de Problem 1995 verkläert gi wier, mee d'Waasser wier séier komm. "Mir maachen elo ee Plan inondations, well no der Iwwerschwemmung ass virun der Iwwerschwemmung", esou d'Martine Berchem.