Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No de Walen ass virun de Walen

Superwaljoer 2023

No de Walen ass virun de Walen

Wéi enk déi zwou Walen dëst Joer zesummen hänken beliichte mir an eiser Reportage-Serie iwwer déi national Spëtzekandidatinnen a -Kandidate vun de véier grousse Parteien. Mir hu si déi lescht Woche bei hire Walkampfoptrëtter begleet.

auto_stories

2 min

Gemengen- a Chamberwahlkampf sinn an dësem Superwaljoer schwéier vuneneen ze trennen. Dozou passt, datt déi national Spëtzekandidate vun de véier grousse Parteie déi lescht Wochen an de Gemengen opgetruede sinn. Fir eis Reportage-Serie hu mir de Xavier Bettel, d'Paulette Lenert, d'Sam Tanson an de Luc Friden jeeweils um Wee op ee Wahlkampfevent begleet. Fir mat hinnen iwwer hir eege kommunalpolitesch Erfahrunge ze schwätzen, an iwwer d'Enjeuxe vun de Gemengen- a Chamberwahlen.

Eng 100 Leit sinn de 15. Mee zu Diddeleng an d'Veräinshaus komm fir een Austausch mam Xavier Bettel, dee während dem Gemengewalkampf en Tour duerch déi véier Wahlbezierker vum Land gemaach huet.

Hei lauschteren: Mam Xavier Bettel op Diddelengplay_arrow

D'Paulette Lenert trëtt de 16. Mee zu Déifferdeng beim Optakt vum LSAP-Gemengewahlkampf op. Ee Wahlkampf aus deem si sech eigentlech wëll eraus halen.

Hei lauschteren: Mat der Paulette Lenert op Déifferdengplay_arrow

D'Sam Tanson ass de 5. Juni op Gaasperech komm fir déi Stater gréng an hire Buergermeeschterkandidat François Benoy ze ënnerstëtzen.

Hei lauschteren: Mat der Sam Tanson op Gaasperechplay_arrow

Mam Luc Frieden geet et vum Glacis op d'Belairer Schéiss, wou déi Stater CSV de 7. Juni hire Buergermeeschterkandidat Serge Wilmes feiert.

Hei lauschteren: Mam Luc Frieden an der Stadplay_arrow