Radioen

On air

Moiesstudio  |  KI-generéiert Radiosemissioun op France Culture

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No de Walen ass virun de Walen oder mir sinn all Spëtzekandidat

Fräie Mikro

No de Walen ass virun de Walen oder mir sinn all Spëtzekandidat

No de Walen ass virun de Walen oder mir sinn all Spëtzekandidat - kuerz wat geschitt den zweete Sonndeg am Oktober? Dozou e Fräie Mikro vum Jean-Luc Thill, Philosophie-Professer.

auto_stories

4 min

Wat geschitt den 08. Oktober? Mir gewannen - heescht et op deenen zwou Säite vum politesche Metier, also Regierungs-Parteien engersäits an den Oppositiouns-Parteien anerersäits. Fir déi eng heescht dat de Status Quo erhale wärend déi Gréisst vun deenen aneren op d'mannst 10 Sëtz muss bäileeën. D'Regierungsparteie legitiméieren hiren Usproch mat der geleeschter Aarbecht an diagnostizéiere beim Lëtzebuerger wéi beim Ländchen: dem Patient geet et vill besser wéi viru 5 Joer an ass bei exzellenter Gesondheet.

Dëse Bilan kann nach verbessert ginn - virausgesat de Wieler verlängert säi Vertrauensmandat em eng Legislaturperiod. Déi Aner hunn bësse méi Krämpes eppes ze legitiméieren - dat ass de Fléau vun der Oppositiouns-Aarbecht. Si manifestéiere villméi e Wëllen a Form vun engem Plang, z.B. manner Steiere fir jiddereen - fir endlech erëm un dat Rudder ze kommen, wat hinnen - gefillt - souwisou zousteet.

Firwat wëll jiddereen un d'Muecht

Iergendwéi wëll jiddereen eist Ländchen vun der Best Practice an d'Next Practice féieren. Wéi dat konkret soll geschéie kann dogéint kee richteg soen, respektiv wëll kee richteg soen, fir et sech mat kengem ze verdierwen. Wouriwwer een net schwätze ka soll en bekanntlech näischt soen - dës Asiicht vum Wittgenstein kéint der Saach hëllefen - awer net an engem Walkampf. Mam Resultat, datt een iwwerall dat selwecht héiert - nëmmen de Bléckwénkel ännert sech jee no politescher Couleur. Do wou politesch Visioune kéinte stoen, fanne mir lëschteweis Aktiounspläng - méi oder manner konkret. Geet dat duer fir de Bierger ze iwwerzeegen?

Kloer ass: all wëllen se un d'Muecht - onkloer ass firwat. Geet et, fräi nom olympesche Motto, einfach nëmmen drëms dobäi ze sinn - à tout prix fir den eegenen Ego, sou wéi am Moment an der Gemeng Monnerech - oder soll villméi wierklech Verantwortung iwwerholl gi fir d'Land a Leit an Zukunft ze féieren? Schwätze mir nom 08. Oktober wéi kompetent Léisunge fir d'Problemer vum Land sollen ausgesinn oder kucke mir, also de Bierger - walberechtegt oder net, alt erëm no wéi Still geréckelt ginn? Also déi Exegese vum Wielerwëllen déi legitiméiere soll wéi eng Binnetten aus deene 4 lächerleche Walbezierker wéi zerwéiert musse gi fir, datt de Fridden an der ganzer Parteielandschaft erhale bleift?

Kuerz dat rhetorescht Spill wou Chamberwalen ëmmer erëm zu Regierungswale gemaach ginn - warscheinlech déi am meeschte ge-shared'en Fake News am Grand-Duché zanter 1919. Mir sinn nämlech all Spëtzekandidat fir de Poste vum Premierminister - virausgesat dir sidd Lëtzebuerger an hutt är politesch Rechter net verluer. Och wann dat praktesch nach ni agetratt ass wat dem Grand-Duc theoretesch zousteet - sou sinn awer ëmmer erëm vill Käpp op Ministeschposte gelant ouni sech iwwerhaapt enger Wal ze stellen.

Wat geschitt nom 8. Oktober?

Dofir interesséiert mech als Bierger villméi d'Fro: wat geschitt nom 8. Oktober? Business as usual - mam Lëtzebuerger Modell - oder gëtt sech déi nächst Legislaturperiod dann e fir allemol Zäit geholl e puer fundamental Froen net nëmmen ze stellen, mee doriwwer eraus, och unzegoen? Zanter enger gefillter Éiwegkeet soll de Walsystem reforméiert ginn - vun Duebelmandater bis Walbezierker. Bis ewell nach ëmmer en Dossier mat nëmme waarmer Loft.

Mir verstinn eis als Demokratie, awer d'Arithmetik tëscht Residenten a Walberechtegte schwätzt eng aner Sprooch. D'Educatioun huet eng Visioun : all Schüler mat Tablett - a mir wiele wéi wann et de Stroum nach guer net géif ginn. Firwat sech net digital opstellen a souwuel d'Chamber mat Bezierker wiele wéi och zäitgläich national eng Regierung oder op d'mannst de Premierminister. Ass eng konstitutionell Monarchie nach zäitgeméiss? Wéi e Mënschebild huet Lëtzebuerg ? Sinn d'Wäerter vum Krautmaart och am Land vun de Leit gedeelt? A wéi eng sinn dat? Wéi wëlle mir zesumme liewen a wëlle mir wierklech bleiwe wat mir sinn?

Mir all wëssen dës Froe kënne weder einfach nach ewech Äntwerten - grad dowéinst ass et sou wichteg, datt se ëmmer erëm gestallt ginn. Léisst en se awer riets oder lénks leien, dann ass et just eng Fro vun der Zäit bis Anerer d'Äntwerte fir eis fannen - Äntwerten déi deene mannste vun eis dierfte schmaachen. Wéi laang kucke mir dem "Unbehagen in der Kultur", wéi de Freud et genannt huet, nach no a wéini huele mer d'Saach an d'Hand an trauen eis zu deem wat en Stéphane Hessel a sengem "Indignez-vous" sou treffend beschriwwen huet?


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.