Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Cannabis-Legaliséierung a Kanada: Net méi jugendlech Konsumenten

Drogepolitik

No Cannabis-Legaliséierung a Kanada: Net méi jugendlech Konsumenten

D'Legaliséierung vum Cannabis a Kanada viru knapp annerhallwem Joer hätt net dozou geféiert, datt déi kanadesch Jugend méi Cannabis konsuméiert. Dat seet de Serge Brochu, emeritéierte Professer vun der Schoul fir Kriminologie op der Uni zu Montreal. Bei den 18 bis 24-Järege wier de Konsum stabil bliwwen, bei de 15 bis 17-Järege wier e souguer zeréckgaangen.

auto_stories

2 min

Och zu Lëtzebuerg ass jo eng Legaliséierung vum rekreative Cannabis geplangt, d'Regierung wëllt sech do um kanadesche Modell inspiréieren. D'Lëtzebuerger Regierung sollt virun allem evitéieren, fir d'Populatioun net genuch iwwer d'Grënn fir d'Legaliséierung ze informéieren.

Den Expert plädéiert fir grouss Informatiounscampagnen, fir e méiglechst groussen Deel vun der Populatioun vun den Argumenter fir eng Legaliséierung ze iwwerzeegen. Dat wier a Kanada verpasst ginn, sou de Serge Brochu. Dofir wier bis haut nach ëmmer eng Majoritéit vu Kanadier géint de legale Konsum vu Cannabis, oder stéing ëm op d'mannst skeptesch géintiwwer. D'Legaliséierung vum Cannabis virun annerhallwem Joer a Kanada war eng politesch motivéiert Decisioun, déi net vun der breeder Ëffentlechkeet gedroe gouf. Trotzdeem géif d'Depenalisatioun net wierklech a Fro gestallt.

Eng Suerg, déi et am Virfeld vun där Legaliséierung gouf, hätt sech net realiséiert: Trimesteriell Enquêten, déi bei de verschiddenen Alterskategorië gemaach ginn, géifen eng kloer Sprooch schwätzen.

"Au dernier trimestre seulement 10 % des Canadiens de 15 à 17 ans disaient avoir consommé du cannabis dans les trois derniers mois, alors que c'étaient 20 % auparavant. Si on prend les 18-24 ans - encore un groupe qui est peut-être source d'inquiétude pour les parents - c'est inchangé. La consommation de ces jeunes est restée inchangée."

Laangfristeg Effekter op de Schwaarzmaart ofwaarden

Annerhalleft Joer no der Legaliséierung vum rekreative Cannabis huet de legalen Handel mat Cannabis dem illegale Schwaarzmaart a Kanada 30 Prozent Part de marché geholl. Mee de Schwaarzmaart existéiert ëmmer nach.

Och a Kanada wier d'Zil gewiescht, fir de Schwaarzmarché ze zerschloen, seet de Serge Brochu, et wier awer illusoresch ze mengen, datt dat an engem sou kuerzen Zäitraum kéint geschéien. Am Québec wier d'Alterslimitt fir Cannabis consomméieren ze dierfen op 21 Joer fixéiert ginn. Et wéisst een awer, datt an der Alterstranche vu 15 -21 Joer ronn 45 Prozent vun der Populatioun scho Cannabis consomméiert hätten, sou de Serge Brochu.

"lls n'arrêteront pas parce que c'est illegal de consommer du cannabis. Ils vont continuer à faire affaires avec les marchés criminels. Ici nous prenons l'exemple de la fin de la prohibition de l'alcool aux États-Unis. On a bien vu que ça a pris plus de dix ans, peut-être même quinze ou 20 ans, pour que les marchés criminels s'effacent du paysage de la distribution de l'alcool."