Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Brainstory - Peach Optimo

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Niger: 430.000 Kanner wéinst Ënnerernierung a Liewensgefor

Unicef

Niger: 430.000 Kanner wéinst Ënnerernierung a Liewensgefor

D'UNICEF, d'Kanner-Hëllefswierk mécht sech extreem Suergen, well bal zwou Millioune Kanner am Niger riskéieren ënnererniert ze sinn. 430.000 sinn dowéinst a Liewensgefor warnt d'UNICEF. De Putsch am Niger riskéiert d'Situatioun am Land nach ze verschlechteren, betount de Paul Heber vun der UNICEF Lëtzebuerg.

auto_stories

3 min

Scho virum Putsch war d'Populatioun mat enger Rei u Krisen konfrontéiert, wéi zum Beispill arméiert Konflikter, mat zum Deel islamistesche Gruppéierungen. Och de Klimawiessel ass fir déi lokal Landwirtschaft eng Erausfuerderung. Dobäi komme Problemer um Stroumreseau, déi verhënneren, datt d'Kill-Kette ka fir d'Liewensmëttel a Medikamenter garantéiert ginn.

D'UNICEF, d'Kanner-Hëllefswierk mécht sech extreem Suergen, well bal zwou Millioune Kanner am Niger riskéieren ënnererniert ze sinn. Verschidde Länner, dorënner Lëtzebuerg hunn déi humanitär Hëllef wéinst dem Putsch am Niger op Äis geluecht. An och wann d'UNICEF mat schwierege Situatioune gewinnt ass, ass d'Erausfuerderung grouss, erkläert de Paul Heber vun der UNICEF Lëtzebuerg.

Ronn 3,7 Millioune Mënschen am Niger wieren op humanitär Hëllef ugewisen, an och wann een dëst Joer eng gutt Recolte hätt, géif dat d'Probleemer net léisen.

"Mir hunn eng Kombinatioun vu Géigende wou et eng Onsécherheet gëtt, a wou de Klimawiessel d'Dréchenten an och Iwwerschwemmunge provozéiert. Dat ass natierlech ee Cocktail deen eis Suerge mécht."

430.000 Kanner wéinst Ënnerernierung a Liewensgefor

Ronn zwou Millioune Kanner sinn am Niger ënnererniert. Bei 430.000 Kanner schwätzt ee vun der schlëmmster Ënnerernierung, wou d'Kanner riskéieren drun ze stierwen. Dobäi kommen déi Kanner déi ënnererniert sinn, mee nach net esou schlëmm datt d'UNICEF sech prioritär ëm si misst këmmeren, preziséiert de Paul Heber. De Putsch hätt d'Situatioun verschlëmmert.

"Am Moment ginn et 48 Container déi un der Grenz blockéiert sinn. Dat si Container wou dat néidegt dran ass, mee och Container mat zum Beispill Impfungen dran, déi sech awer net éiweg kënnen halen. Déi ginn eis futti. Mir hunn och Problemer fir d'Gidder ze killen, well d'Killketten duerch Stroumpannen ënnerbrach ginn."

Vill Länner hunn nom Putsch decidéiert d'Finanzhëllefen op Äis ze leeën. D'Putschiste géife sanktionéiert ginn, mee déi déi virun allem drënner leide wieren d'Kanner, betount de Paul Heber.

UNICEF brauch Finanzfongen déi flexibel kënnen agesat ginn

Am Fall vu chaotesche Situatiounen ewéi déi aktuell, bräichten d'Hëllefsorganisatioune virun Allem Fongen. Et géif vun de Länner Villes versprach ginn, mee wann eng Kris bis vergiess gëtt, da géife ganz déif Lächer an de Finanzementer entstoen, bedauert de Paul Heber.

"Wat mir ëmmer brauchen, dat si Fongen, well wann ee mat Situatioune konfrontéiert gëtt, déi sou séier kënnen änneren, da brauche mer Fongen. Et geet net duer Saachen a Container ze hunn, déi e puer Wochen duerno sollen agesat ginn. Fonge sinn d'Mëttel déi immens flexibel si fir séier um lokale Plang kënnen ze reagéieren, virun Allem an enger chaotescher Situatioun ewéi déi di mer aktuell erliewen."