De Service gouf den 28. Juni 1973 duerch e Gesetz geschaft. 50 Joer - dat ass en Ament fir zeréck ze kucken. Fir den Norbert Schilling, de Chef vum Service war d'Héichwaasser vun 1983 eent vun den markantsten Evenementer am leschten hallwe Joerhonnert. Deemools gouf et zu Stadbriedemes en Ënnerwaasserpeegel vun 9,51 Meter. Normal sinn 2,20 Meter. "Do waren 2,50 Meter op der Schleiseplattform zu Stadbriedemes. D'Anlag war deemools komplett iwwerschwemmt", erzielt den Norbert Schilling.
Héich - an Niddregwaasser
"Héichwaasser ass problematesch", esou den Norbert Schilling. Schliisslech mussen d'Anlagen dréche bleiwen a weider fonctionéieren. Dat wier net evident, well e groussen Deel vun den techneschen Anlagen ënnert dëm Buedem leien. Mee "mir hunn et nach ëmmer gutt hikritt!" - dat ass den Norbert Schilling säi Fazit.
Niddregwaasser wier awer och net evident. "Mir musse kënnen e Stauzil garantéieren - an och eng Fahrrinnendéift vun dräi Meter. Wann awer manner Waasser kënnt, kënnt et zu Schwankungen. Et ka sinn, datt d'Fahrrinnendéift da muss ageschränkt ginn", esou den Norbert Schilling. Niddregwaasser géif fir de Service de la navigation méi Aarbecht bedeiten, wéi Héichwaasser, well dat meeschtens zäitlech begrenzt ass.
Anlage sinn a Form
D'Anlagen op der Musel wieren an engem betribssecheren Zoustand - preziséiert den Norbert Schilling nach. "Mir maache jo reegelméisseg déi lafend Wartungen". Déi grouss Erneierungsaarbechte gi vun Däitschland duerchgefouert ginn, ma vun den zwou Säite finanzéiert.