Covid19-Impfung Niddegeren Impf-Taux beim zweete Booster

Zanter d'Santé Mëtt Juli eng zweet Booster-Impfung géint de Coronavirus fir Persounen tëschent 60 a 69 Joer recommandéiert huet, sinn 52.000 Invitatiounen an dëser Alterskategorie erausgaangen. 6.000 Leit hu sech bis ewell eng véierte Kéier impfe gelooss, respektiv hunn e Rendez-vous fir dës zweet Opfrëschungs-Impfung geholl .

Vesna Andonovic / sam

Impfung
Bis elo hu 6.000 Leit zu Lëtzebuerg sech eng véierte Kéier géint Covid19 impfe gelooss. Foto: picture alliance / Wang Chun

Lauschteren


Den Taux beim zweete Booster géif deemno bei ronn 11 Prozent leien. Dat wier natierlech net ganz héich, stellt de Luc Feller fest, deen d'Impfcampagne organiséiert. Am Verglach: Den éischte Booster hunn 92 Prozent vun de 60-69-Järege gemaach.

Grënn fir nidderegen Impf-Taux beim zweete Booster

Domat géif een och ënner de Prozentsätz bei den zwou Alterskategorien driwwer leien: 31 Prozent vun de Leit tëschent 70 bis 79, a 57 Prozent bei de Leit iwwer 80 Joer hunn ewell en zweete Booster kritt.

Datt sanitär Mesuren ewéi d'Droe vu Masken opgehuewe gi wieren, wier zwar op Siicht vun der aktueller epidemiologescher Situatioun richteg, kéint awer psychologesch matspillen. D'Leit hätten doduerch d'Perceptioun et wier alles an der Réi.

Dat géif natierlech mat sech bréngen, datt et méi schwéier wier fir d'Leit ze iwwerzeege fir sech impfen ze loosse fir eppes wat am Hierscht an am Wanter kéint op eis duerkommen, esou de Lux Feller.

Den Organisateur vun der Impfcampagne seet och, datt de Rappell no véier Méint fir een zweete Booster kuerz no dem éischte Booster wier, an do eng gewësse Notioun vun "Impfmiddegkeet" och kéint matspillen.

Nei Impfstoffer kommen am Hierscht

Dobäi kéim natierlech och, datt gewosst wier, datt am Hierscht nei Impfstoffer komme wäerten. Souwuel Moderna ewéi och Pfizer géifen da Vaccinen erausbréngen, déi och op d'Omikron-Varianten adaptéiert wieren.

Wéini se disponibel wieren, géif vun den Autorisatioune vun der europäescher Medikamentenagence EMA ofhänken. Ab deem Moment, wou en neien Impfstoff erauskéim, géingen all d'Dosen, déi een nach fir dat Joer ze kréien hätt, automatesch op den neien Impfstoff ëmgeännert ginn, erkläert de Luc Feller.

Et sollt een heibäi awer net vergiessen, datt d'Studie géife weisen, datt schonn déi aktuell Impfstoffer géint e schwéiere Verlaf géifen hëllefen.

Doktere mussen an Impfcampagne agebonne ginn

Dat misst een de Leit ëmmer erëm rappelléieren, seet de Luc Feller, an och d'Doktere misst ee méi an d'Impfcampagne abannen. Et wier am Endeffekt nach ëmmer dat perséinlecht Gespréich dat hëllefe kéint, fir Leit ze iwwerzeege sech impfen ze loossen:

"An dat perséinlecht Gespréich kann natierlech méi einfach den Dokter mat dem Patient féieren, wéi een dat iwwer eng Kommunikatiounsstrategie iwwer Zeitungen, Medien, soziale Reseaue maache kann."

Aktuell huet Lëtzebuerg eng 300.000 Vaccinen a sengem Stock. Tëschent September an Dezember sollen nach weider 300.000 Dosisse Pfizer a 400.000 Dosisse Moderna-Impfstoff geliwwert ginn.

Méi zum Thema

Impfung Covid-19 zu Lëtzebuerg
Covid19-Impfung

Leit iwwer 18 Joer, déi héich vulnerabel sinn, kënnen eng véiert Dosis vum Covid-Vaccin kréien. Dat huet de Gesondheetsministère de Moien nach eemol matgedeelt. Bis elo hunn eng 2.000 Leit eng véiert Dosis kritt.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Resonanzen

  • Den Nomëtteg

  • Noriichten

  • Kultur um 5

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen