Virun e puer Wochen huet ee besuergten Elterendeel sech beim Sucht-Präventiounszenter gemellt. Si hat hirem klenge Kand onwëssentlech Nikotin Pouches ginn, déi ouni weider Erklärungen an engem Zeitungsbuttek gratis verdeelt goufen. Doropshin huet d'Kand Vergëftungs-Erscheinunge gewisen, erkläert d'Elena Bienfait, Directrice vum CNAPA, déi Alarm schloen.
Keng kloer Reglementéierung
Nikotin Säckelcher ginn och dacks mat schwedeschem "Snus" verwiesselt. An deenen ass awer Tubak dran an de Verkaf vum Produit ass och EU-wäit nëmmen a Schweden erlaabt.
An den Nikotin Pouches ass iwwerdeems keen Tubak enthalen an et entstinn och keng Dämp. Dofir falen se och net ënnert Anti-Tubak-Gesetz. De Chrisitan Thiel, Fachberoder fir Suchtpreventioun a Gesondheetsvermëttlung vum CNAPA, kritiséiert d'Aart a Weis, wéi déi Nicotine Pouches ugebuede ginn.
Si géinge wéi een normalt Konsumgut verkaaf ginn. Nëmme ganz kleng géing drop stoen, datt de Produit net fir Leit ënner 18 Joer gëeegent ass. An awer hätt dat keng rechtlech Konsequenzen.
Och soss ginn et keng Reglementatioune fir d'Nicotine-Pouches. Dat wier net nëmme fir d'Alters-Limitatioun ee Problem, ma féiert och dozou, datt der Doséierung keng Grenze gesat sinn, behaapt d'Elena Bienfait.
Well keen Tubak enthalen ass, dee verbrennt, wieren Nicotine Pouches zwar net kriibserreegend, erkläert nach d'Lucienne Thommes, Directrice vun der Fondation Cancer. Well awer méi Nikotin dran ass ewéi an enger Zigarett, wier d'Suchtpotenzial méi héich.
"Nikotin ass eng vun deene Substanzen, déi am séiersten an am stäerkste süchteg maachen. Do läit jo dann och de Problem, wann ee méi jonk ass an et fänkt een u mat fëmmen oder déi Nicotine Pouches ze huelen, wat et dann och méi schwiereg ass dovunner erëm erof ze kommen"
Marketing-Strategie vun der Tubakindustrie
Fir opzehale mam Fëmmen zum Beispill wieren d'Nicotine Pouches deemno keng gutt Optioun, seet och de Christian Thiel vum CNAPA. Wann een dofir Hëllefsmëttel bréicht soll ee sech éischter u Produiten aus den Apdikten orientéieren, déi medezinesch gepréift sinn.
D'Nicotine Pouches wieren nëmmen Deel vun enger Marketing-Strategie vun der Tubaksindustrie, behaapt d'Elena Bienfait.
"Et ass och sou, datt déi Tabakindustrie - dat ass lo näischt Neies - och ëmmer rëm nei Produiten op de Marché bréngt. An natierlech funktionéiert dat och ganz gutt wann een dann d'Nische bespillt, déi gesetzlech net geregelt sinn."
Zesumme mat der Kriibsstëftung fuerdert de CNAPA dofir eng kloer Reglementéierung. D'Elena Bienfait erkläert, et géif hei och net drëms goen, alles ze verbidden. Vill méi misst ee sensibiliséieren.
Si betount och, eng Kooperatioun an een Informatiounsaustausch mat den Autoritéite géif ee begréissen. Op deem Wee kéint een am séiersten eng Léisung fannen, déi et bis elo net gëtt.