Radioen

On air

De Moien  |  Paradis - Garde Le Pour Toi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nicolas Schmit: "Et muss nogebessert ginn"

EU-KLIMAPAK

Nicolas Schmit: "Et muss nogebessert ginn"

De Klimapak, deen d'Europäesch Kommissioun gëscht virgestallt huet, war intern an der EU-Kommissioun net onëmstridden, dat confirméiert de Nicolas Schmit. Déi sozial Komponent vu verschiddene Mesuren misst méi genee analyséiert ginn, sou den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales géintiwwer dem 100,7.

auto_stories

5 min

Net jiddwereen ass begeeschtert vum Klimapak mat 12 legislative Proposen, deen d'Europäesche Kommissioun e Mëttwoch virgestallt huet. D'Ëmweltverbänn reagéieren éischter zeréckhalend. D'Industrie géif ze vill geschount, wärend méi op d'Schëllere vun de Consommateuren ofgewälzt gëtt, sou zum Beispill den Europäeschen Ëmweltbureau.

Frans Timmermans: "Fairness ass kruzial"

Grad dat sollt awer net geschéien. "Et ass kruzial, datt eis Propos fair ass", sot bei der Presentatioun vum Klimapak e Mëttwoch zu Bréissel de Frans Timmermans.

An de Pressesall vun der Kommissioun waren nieft der Presidentin direkt sechs EU-Kommissäre komm. Net derbäi de Nicolas Schmit, den EU-Kommissär fir d'Aarbecht an dat Soziaalt. Dobäi stelle sech grad a sengem Beräich e puer Froen.

D'Kritik vun den Ëmweltschützer bezitt sech nämlech konkret op eng vun de neien Iddien, déi Bréissel an d'Spill bréngt, fir d'Emissiounen am Verkéier a beim Hëtze vun Haiser erofzedrécken.

A béide Secteuren soll vun 2025 un een CO2-Präis agefouert ginn - ee Präis, dee sech dono op der Pompel an bei de Fraisen um Loyer wäert bemierkbar maachen.

Oppositioun vun der Lëtzebuerger Regierung

Kritik un där Iddi koum vun Ufank un och vun der Lëtzebuerger Regierung. Si bleift derbäi, seet den Energieminister Claude Turmes, déi Propos wier kontraproduktiv.

"Mir hu ganz vill Froen: Wéi kann ech een eenheetlechen CO2-Präis hunn an enger EU, wou a Bulgarien eng Moyenne am Akommes vun 110 Euro hunn an dat an Dänemark läit dat bei 1.500?"

Froe stelle sech och fir den Paul Polfer vum Lëtzebuerger Mouvement Ecologique:

"Wéi sollen een eenzelt Haus, een eenzelt Gebai, eng eenzel Residence, sech kënnen erëmfannen? Dat ass den Ament fir eis guer net kloer."

Nicolas Schmit: "Eng Partie EU-Kommissäre ware skeptesch"

Déi nei Mesure war iwwerdeems och an der Kommissioun selwer net onëmstridden, verréit eis dann deen, dee bei der Presentatioun net derbäi war, den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, de Nicolas Schmit:

"Effektiv hu sech op deem Punkt an der Kommissioun, an ech kann och soen, datt ech dozou gehéiert hunn, eng Rei Kommissären éischter skeptesch oder kritesch expriméiert, besonnesch aus soziale Grënn, well ech muss soen, datt mer net genau Indikatioune kruten, wat dat präzis heescht."

De Nicolas Schmit weist sech iwwerzeegt, datt dat Zil, wat sech d'EU gemeinsam ginn huet, nëmmen duerch deels drastesch Mesuren ze erreechen ass.

Dozou gehéiert et een CO2-Präis a bestëmmte Beräicher anzeféieren. Dat gëtt et jo och schonn zanter iwwer 15 Joer an der Industrie.

"De Punkt ass, datt mer hei net vun Industrie schwätzen, mee am Endeffekt vum Consommateur, vun de Bierger. Dofir war fir mech et eigentlech kloer, datt déi Kompensatioun, dee sozialen Ausgläich misst no bei deem leien, wat am Endeffekt d'Bierger misste méi bezuelen. Dat ass op, dat ass net kloer, an dofir ass a mengen Ae Klärungsbedarf op deem spezifesche Punkt."

Gemengt ass de Klimasozialfong, dee soll agefouert ginn, fir deenen ze hëllefen, déi sech déi zousätzlech Käschten, déi op si duer kommen, net leeschte kënnen. Ee Véierel vun den Recette vun deem Emissiounshandel sollen an de Klimafong fléissen. Konkret erwaart sech d'Kommissioun, datt bis 2032 72 Milliarden Euro am Fong sinn.

Lëtzebuerg géifen 73 Milliounen zoustoen

D'Sue géifen vu Bréissel aus iwwer ee Schlëssel un d'Länner verdeelt ginn, si missten Programmer erareechen, déi da géifen zu 50 Prozent vun der EU finanzéiert ginn. D'Kommissioun huet schonn ausgerechent, wat deenen eenzele Länner géif zoustoen. Pole krit mat 12,7 Milliarden Euro dee gréisste Batz, Lëtzebuerg léich erwaardungsgeméiss méi wäit ënnen mat 73 Milliounen iwwer siwe Joer.

"73 Milliounen, dat ass dee Montant, dee mir elo an engem Joer fir sozial Kompensatiounen ausbezuelen", seet dozou de Claude Turmes.

Intern Spannungen an der Kommissioun

De Nicolas Schmit ass sech bewosst, datt dat, wat do proposéiert gëtt, am Allgemenge net duer geet.

"Ech sinn der Meenung, datt do absolut muss nogebessert ginn. Dat ass och gedeelt vun enger ganzer Rei vu Kommissären an dofir menge mer, datt mer mussen dorop zeréck kommen. Mir hunn duerchgesat kritt, datt am September iwwer en Text diskutéiert gëtt, wat den Impakt op sozial Konsequenzen an op Aarbechtsmaartskonsequenze sinn. Dat heescht, mir kommen op déi dote Problematik onbedéngt zeréck."

Verschiddene Medien no koum et intern an der Kommissioun ënner de Memberen zu gréisseren Diskussiounen. Detailer doriwwer wollt de Nicolas Schmit net ginn, confirméiert awer, datt d'Meenungen ausenee goungen.

"Ech wëll elo keng Länner nennen, mir representéieren jo net eis Länner, mee et ass kloer, datt eng Rei Kommissäre Bedenken ugemellt hunn, an ech gehéieren do dozou."

De Frans Timmermans awer bleift iwwerzeegt vu senger Propos, déi ënner de Memberlänner virun allem vun Däitschland ënnerstëtzt gouf. Op eis Nofro seet hien:

"Ceux qui critiquent notre proposotion n'ont qu'à arriver avec une meilleure proposition. Mais donnez-nous la possibilité d'entrer dans un débat. Lisez notre proposition".

Fir de Claude Turmes gëtt hei probéiert, d'Emissiounsproblemer am Beräich vun den Heizungen an am Verkéier "mat neoliberale Instrumenter" ze reegelen. Eent ass kloer: deen Debat ass lancéiert.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.