Et hätt warscheinlech seele bis elo esou ee Stresstest fir d'Europäesch Unioun ginn. Verschidden EU-Politiker hätten am Ufank onméiglech Positioune gehat. Dee Schuet, dee gemaach gi wier, wier "extrem ze bedaueren".
Et misst een awer tëscht de Memberstaaten vun der EU an der Unioun en tant que tel ënnerscheeden, d'Kommissioun géif grouss Efforten maachen, fir d'Memberlänner op ee Nenner ze bréngen.
"Eng Gefor fir d'Kohesioun an der EU"
Trotzdeem schwätzt de Nicolas Schmit vun engem Stresstest fir d'EU, wéi et en nach net gouf. De Lëtzebuerger EU-Kommissär huet dem fréiere Kommissiounspresident Jacques Delors Recht ginn. Deen hat dee leschte Weekend gesot, de Manktem u Solidaritéit géif d'Iwwerliewe vun der EU a Fro stellen.
"Ech deelen dem Jacques Delors seng Aschätzung, datt eng Gefor bestanen huet a vläicht och ëmmer nach besteet, wat national Elenggäng oder de Refus, solidaresch un d'Problemer erunzegoen, eng Gefor fir d'Kohesioun vun der Unioun duerstellt. Mir hate warscheinlech seelen, ausser an der Finanzkris, [...] eng Situatioun, wou et esou ee Stresstest fir d'Europäesch Unioun gëtt."
"D'Kommissioun kann d'Länner net forcéieren, d'Grenzen nees opzemaachen"
Grenzen zou maache war eng schlecht Reaktioun, sou de Nicolas Schmit. De nationalistesche Reflex géif ëmmer an eng Sakgaass féieren.
D'Kommissioun hat de Länner recommandéiert, dat net ze maachen an huet dës Woch Lignes directrices erausginn, datt Frontalieren an och Saison-Aarbechter sech sollte kënne fräi beweegen.
"E bësse komesch ass schonn, wa Länner verschidde Grenzposten einfach zousetzen, wat da fir déi Leit, déi mussen iwwer eng Grenz goen, grouss Eemer musse maachen. Dat ass de Fall och bei Lëtzebuerg. Dat ass regrettabel, ech géif do een Appell un Däitschland maachen, fir op déi Decisiounen do zeréck ze kommen. Mir kënnen déi Länner net forcéieren, dat ze maachen. Déi Länner musse sech un déi Gguidelines halen, datt zumindest d'Grenze mol op sinn, fir Leit, déi mussen op hir Aarbecht goen."
Solidaritéits-Mechanismus huet "gutt Chancen"
Déi Corona-Kris wier "extrem zerstéieresch", seet den Nicolas Schmit am Interview mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber. Se géif riskéieren Entreprisen an Aarbechtsplaze futtizemaachen. Et géif de Risiko vun engem Massechômage ginn.
Elo géif et och Unzeeche vu Solidaritéit. Als Beispill huet de Nicolas Schmit Mesure genannt, déi d'Kommissioun gëschter virgestallt huet. Dozou gehéiert ee Solidaritéit-Mechanismus, dee Länner soll hëllefen de Krisebedéngte Chômage partiel ze finanzéieren.
D'Memberlänner mussen deem neien Instrument nach zoustëmmen a selwer finanziell Garantien dofir liwweren, datt d'Kommissioun Emprunte kann ophuelen.
Et kéint awer scho geschwënn operationell sinn, hofft de fréiere Lëtzebuerger Aarbechtsminister. Wéini genee, konnt hien awer net soen.
"Ech kann elo net een Delai soen. Et kann nach deen een oder anere Mount daueren. Mee eleng schonn d'Iddi ze soen, datt et esou een Instrument gëtt, gëtt eigentlech Confiance, deene Länner a gëtt och de Leit Confiance, datt Europa ze net fale léisst."
Obwuel et an der Vergaangenheet vill Oppositioun vun de Memberlänner par rapport zu enger europäescher Chômage-Assurance gouf, gëtt de Nicolas Schmit deem Projet elo "vill Chancen, en ass elo net méi kontestéiert".
Lëtzebuerg kéint och dovu profitéieren, mee hie géif op den éischte Bléck net mengen, datt Lëtzebuerg en Interessi hätt, op dat Instrument zeréckzegräifen.
Corona-Bonds: Diskussioun leider ideologesch gefouert
Den Nicolas Schmit plädéiert dofir, datt d'EU-Staate solidaresch an zesummen aus der Kris kommen. Et kéint ee sech virstellen, datt verschidde Länner gutt erauskommen, anerer manner. Dofir wiere gemeinsam Instrumenter néideg. Hie bedauert, datt d'Diskussioun iwwer Corona-Bonds eng ideologesch Diskussioun gi wier, an där d'EU elo gespléckt wier.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.