Nach ni war e franséische President a sou vill Affäre verwéckelt. Zanter 1995 goufe ganzer zéng Enquêtë géint de Nicolas Sarkozy lancéiert, a sechs vun deene gouf hien awer fräigesprach.
Am Fréijoer huet den Tribunal Correctionnel hien an der sougenannter Affär des Écoutes fir schëlleg erkläert. Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun der V. République gouf e fréiere President zu enger Prisongsstrof verurteelt a gëscht koum direkt den zweete Fall hannendrun.
Den Nicolas Sarkozy geet awer a béide Fäll an Appell. Nach ass et also net kloer, ob hien um Enn an de Prisong muss.
Ënnerstëtzung aus der Partei
Frappant ass d'Ënnerstëtzung, déi den Nicolas Sarkozy vu senger Partei Les Républicains kritt. De President vun der Partei Gérard Larcher, de Generalsekretär Aurélien Pradié oder och de President vun der Lëtzebuerger Nopeschregioun Grand Est Jean Rottner: si all erklären iwwer Twitter, datt de Sarkozy e grousse President gewiescht wier an der franséischer Droite nach vill bäibrénge kéint.
Je veux exprimer tout mon soutien au président Sarkozy qui traverse une épreuve difficile et humainement éprouvante. Je souhaite que l'appel lui permette de rétablir son honneur. Je lui renouvelle toute mon amitié
- Gérard Larcher (@gerard_larcher) September 30, 2021
Dëst kéint der Glafwierdegkeet vun der Partei schueden. Och aner Parteimembere goufe scho condamnéiert, wéi zum Beispill de François Fillon 2017 matten a senger Walcampagne, oder och de fréiere President Jacques Chirac am Joer 2011, alle béid wéinst Schafung vu fiktiven Aarbechtsplazen.
Déi Affären hu selbstverständlech en Afloss op d'Vertraue vun de Wieler an erkläre méiglecherweis och e bësse, firwat déi grouss Parteien a Frankräich net méi sou beléift sinn.
D'Vertrauen an d'Justiz gëtt gestäerkt
D'Affär Bygmalion vum Nicolas Sarkozy stäerkt allerdéngs d'Vertrauen an déi franséisch Justiz. Wann ee méi Suen an seng Walcampagne investéiert, huet een och méi Chancen ze gewannen, dat ass kloer.
Datt den Nicolas Sarkozy trotzdeem géint säi Konkurrent François Hollande verluer huet, ännert näischt u senger antidemokratescher Strategie, an dat huet de Tribunal Correctionnel richteg erkannt.
Verstéiss géint de Rechtsstaat gi poursuivéiert
An net nëmmen den Nicolas Sarkozy gouf dofir relativ haart bestrooft, mee och den Direkter vun der Walcampagne Jérome Lavrilleux gouf zu dräi Joer Prisong verurteelt.
D'Manager vun der Agence Bygmalion, déi duerch gefälschte Rechnunge versicht hunn, déi illegal Finanzéierung vun der Campagne ze vertuschen, goufen och fir schëlleg erkläert. Si mussen der Partei Les Républicains ënner anerem 80.000 Euro iwwerweisen.
Och wann d'Urteel an zweeter Instanz muss ofgewaart ginn an den Nicolas Sarkozy bis dohin net definitiv condamnéiert ass, weist d'franséisch Justiz awer, datt se Verstéiss géint de Rechtsstaat poursuivéiert - och wann de Machtapparat concernéiert ass.