Radioen

On air

Espresso Beats  |  Englbrt - Harm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "CLC a meng Welt féieren"

Commerce

"CLC a meng Welt féieren"

Zënter dem éischte Juni ass de Nicolas Henckes un der Spëtzt vun der Confédération luxembourgeoise du commerce. De viraussiichtleche Wuesstem vun der Bevëlkerung gesäit de néien Direkter ass eng gutt Nouvelle fir de Konsum. Déi Entwécklung misst awer vun de richtegen Investissementer accompagnéiert ginn.

auto_stories

3 min

Besonnesch d'Mobilitéit dierft eng Erausfuerderung ginn. "Soss musse mir dono kucke wéi mer duerch de Stau komme fir eis Päckelcher bei d'Leit ze liwweren", sou de Nicolas Henckes. Déi strukturell Problemer, déi de Bevëlkerungswuesstem géif mat sech bréngen, misste gutt guidéiert ginn. "Do musse mir oppasse, wa mir net en decke Problem wëlle kréien."

Léisungen wéi Home Office wieren en Ufank, mee et géif awer och Hürden ginn. "Et gëtt zwar e juristesche Kader, mee dee muss ugepasst ginn", sou den Direkter vun der Handelsconfederatioun CLC. Am Handel ass den Télétravail dacks keng Léisung, "wëll Persoune physesch am Buttek musse stoen." D'Patronat wier awer am Allgemenge positiv zu där Optioun agestallt.

Commerce geet et gutt

Dem lëtzebuergeschen Handel geet et den Ament gutt. "Mee mir representéiere ganz vill verschidde Federatiounen. Verschidde Secteure sinn am Boom, anerer bauen of." Besonnesch kleng Betriber am Verlagswiesen a Librairien hätten et schwéier. "Dat rezent Beispill an der Stad huet dat jo gewisen." Mee d'Partie wier nach net verluer, sou de Nicolas Henckes. "Et muss een oppe si fir Ännerungen. Wann ee weider mécht wéi virdrun, da gëtt et net méi einfach." Eng Méiglechkeet wier sech als Secteur zesummenzedoen a "Kräften ze bündelen".

D'Handelsconfederatioun géif awer de Commerce als Ganzt representéieren, also souwuel Librairien wéi multinational Chaînen. "Mir hätte gär, datt Butteker an der Stad sinn. Wéi eng Butteker dat sinn, dat entscheede mir net a mir kënnen de Mix och net beaflossen." D'CLC kéint mat Campagnen d'Betriber ermonteren eng Filière an der Stad ze maachen, "mee dat géif näischt hëllefen. Et muss ee sech adaptéieren un e Marché deen ännert."

"Regierung lauschtert op OGBL"

De Staat hätt trotzdem vill Efforten gemaach, fir kleng a mëttelgrouss Betriber (PME) a Start-Ups z'ënnerstëtzen. Rezent géif d'Regierung awer manner op d'Patronat zougoen, dofir ëmsou méi op d'Gewerkschaften, sou de Nicolas Henckes. "Mir gesinn datt d'Regierung a leschter Zäit méi dem OGBL nolauschtert, souguer quasi follegt."

Datt elo e puer Wahljoer virun der Dier stinn hätt dorops en Afloss gehat. "Et gëtt méi verstäerkt kommunizéiert, datt d'Regierung fir d'Leit, also hir Wieler, do ass." Den Direkter vun der Handelsconfederatioun kann dat awer verstoen, well "e Betrib ka jo net wielen. D'Politik muss hiren Job bis zum Schluss maachen an dozou gehéieren eben och d'Wahlen."

Lëtzebuerg ass attraktiv

D'Situatioun fir Entrepreneuren ass zu Lëtzebuerg "wierklech gutt", sou de Nicolas Henckes. Mee d'Konkurrenz aus dem Ausland wier grouss. "Um franséische Marché sinn d'Konditioune fir Start-Ups besser wéi bei eis. Hei sinn d'Weeër zwar relativ kuerz, mee wahrscheinlech bräichte mer eng weider Vereinfachung vun der Administratioun."

Mam Wiessel bei d'Handelsconfederatioun schafft de néien Direkter nees méi um Terrain an sicht de Kontakt mam Patron. "Aus deem Beräich kommen ech jo, an dee Beräich hat ech a menger Zäit als Generalsekretär vun der Union des entreprises luxembourgeoises e bëssen aus den Ae verluer. Op sengem neie Poste wëll de Nicolas Henckes "d'CLC a meng Welt féieren, déi digital Welt. Ech wëll d'Gefill vermëttelen, datt doru kee Wee laanscht geet, wann een am Commerce langzäiteg wëll iwwerliewen."