Radioen

On air

Tockcity  |  Daniel Avery - Wonderland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net vill geschitt"

Rechter fir Behënnerter

"Net vill geschitt"

Lëtzebuerg huet eng Partie Punkten aus der ratifizéierter UNO-Konventioun fir d'Rechter vu Behënnerten nach ëmmer net ëmgesat. D'Reform vun der Tutelle, d'Accessibilitéitsgesetz an déi perséinlech Assistenz fir Leit mat engem Handicap loossen op sech waarden, kritiséiert den Direkter vun Info-Handicap.

auto_stories

2 min

Enn vum Joer leeft den nationalen Aktiounsplang fir Mënsche mat enger Behënnerung aus. Dee Plang sollt zu Lëtzebuerg d'Ëmsetzung vun der UNO-Konventioun fir d'Rechter vu behënnerte Persoune begleeden. Um Enn vun deem Prozess ass et d'Feststellung, datt vill Mesuren net ëmgesat goufen. Trotz Ukënnegung am Regierungsprogramm. Déi zoustänneg UN-Kommissioun hat Lëtzebuerg dowéinst kritiséiert, nodeems am August dëst Joer eng ministeriell Delegatioun zu Genf invitéiert gi war, fir de Point ze maachen.

Wou bleift d'Reform vun der Tutelle?

"Den Handicap gëtt ze vill medezinesch betruecht. Et muss méi op d'Rechter vun de Behënnerten insistéiert ginn", seet den Olivier Grüneisen. Domadder deelt den Direkter vun Info Handicap eng Haaptkritik vun der zoustänneger UNO-Kommissioun. Jidderee sollt an der Gesellschaft déi selwecht Rechter hunn.

E wichtegen Dossier an der Eegebestëmmung vun de behënnerte Persounen ass d'Reform vum Tutellëgesetz vun 1982. D'Aarbechten un der Reform hätten nach net ugefaangen, seet den Olivier Grüneisen. De Justizministère hätt awer ugekënnegt, datt deemnächst eng éischte Kéier en Aarbechtsgrupp zesumme wäert kommen, fir déi Reform virzebereeden. "Dat Tutellëgesetz ass vun 1982 a vereelzt. Am Moment gëtt iwwert dat Gesetz de Betraffenen hiert Geld verwalt. Déi Leit kënnen net wiele goen a sech net bestueden. Do erwaarde mir eis vill Ännerungen."

Gewaart gëtt op en Accessibilitéitsgesetz an op en neien Aktiounsplang fir Handicap (deen dëst Joer ausleeft). Och wat d'Fuerderung fir eng perséinlech Assistenz vu Behënnerten doheem betrëfft, wier bis elo ënnert dëser Regierung näischt geschitt, esou den Direkter vun Info Handicap. D'selwecht wat d'Kontroll ugeet iwwert de gesetzlech festgesate Prozentsaz vu behënnerte Salariéen an engem Betrib.