Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net vill auslännesch Wieler fir d'Gemengewahlen ageschriwwen

Gemengewahlen

Net vill auslännesch Wieler fir d'Gemengewahlen ageschriwwen

Auslänner déi zanter fënnef Joer zu Lëtzebuerg wunnen, däerfe bei de Gemengewahle wiele goen. Aktuell sinn nëmme 16,5 Prozent vun de potenziellen Auslännesche Wieler ageschriwwen. E Gespréich mam Julien Gannard vun der ADFE a Sylvain Besch vum CEFIS.

auto_stories

3 min

Auslänner, déi zu Lëtzebuerg zanter op mannst fënnef Joer wunnen, däerfe sech op de Wielerlëschte fir d'Gemengewahlen aschreiwen. Allerdéngs ass hir Zuel vu ronn 31.000 Aschreiwungen am Joer 2011 op 25.500 am Oktober 2016 zréckgaangen. Wëll all Joers ronn 3.000 Auslänner naturaliséiert ginn, ginn déi Läit als Lëtzebuerger enregistréiert.

Ënnert anerem wéinst der Informatiounscampagne géif ee sech an den nächste Méint eng Hausse vun den Aschreiwungen erhoffen, sou de Sylvain Besch, Direkter vum Centre d'étude et de formation interculturelles et sociales.

"Formation des multiplicateurs" fir ze mobiliséieren

Aktuell sinn nëmme 16,5 Prozent vun de potentiellen auslännesche Wieler ageschriwwen. Duerch spezifesch Aktiounen, ewéi d'Formation des multiplicateurs, déi de CEFIS organiséiert, kéinten d'Auslänner geziilt mobiliséiert ginn, seet de Sylvain Besch.

Eng Analyse vun den Wielerlëschten hätt nämlech erginn, datt 20 Prozent vun de Montenegriner sech iwwert dee Wee ageschriwwen hunn. Och bei de Peruaner wier d'Aschreiwungsquot erop gaangen, nodeems eng Peruanerin hir Communautéit geziilt iwwert de Lëtzebuerger Wahlsystem informéiert hat. Och Si hat un där Formatioun deel geholl, esou de Sylvain Besch.

De Julien Gannard, President vun der Association démocratique des Français à l'Etranger, wëllt seng Landsleit dozou bewegen un de nächste Gemengewalen ze participéieren. Nëmme 15 Prozent vun de Fransousen hätte sech bis elo ageschriwwen.

An där Formatioun géing et ëm d'Vermëttlung vun Informatiounen iwwert de Wahlsystem an de Gemengekompetenze. Am Mëttelpunkt stéing awer een Austausch un Iddien an Erfahrungen, déi jiddereen duerno um Terrain kéint ëmsetzen, sou de Julien Gannard.

Nëmme 5 Prozent vu jonken Auslänner ageschriwwen

Frappant wier d'Situatioun bei de jonken Auslänner. An der Alterstranche tëscht 18 a 35 Joer, wiere fënnef Prozent vun de jonken Auslänner op der Wielerlëscht fir d'Gemengewalen ageschriwwen.

Dem Sylvain Besch no wieren déi Jonk vis a vis vun der Politik éischter skeptesch. Onofhängeg ob si Lëtzebuerger oder Auslänner sinn. Si géifen op aner Forme vun Aktiounen zréckgräifen, wéi zum Beispill Protestmanifestatiounen. Et wier eng Erausfuerderung fir si lues a lues un déi traditionell Form vu Participatioun erun ze féieren, sou de Sylvain Besch.

Lokal politesch Participatioun ass Zeeche vun Integratioun

Egal fir wéi eng Parteien oder Politiker ee wielt, et wier wichteg sech fir d'Wahlen z'interesséieren. Doduerch géif een Austausch tëscht Lëtzebuerger an Auslänner entstoen. An et wier wichteg, datt d'Leit hir Meenung iwwert hir Gemengeréit géifen ausdrécken, mengt de Julien Gannard. Déi lokal politesch Participatioun wier och u sech een Zeeche vun Integratioun.

D'Auslänner solle permanent sensibiliséiert gi fir sech op d’Wielerlëschte fir d’Gemengewalen anzeschreiwen. Dat ass d’Fuerderung vum CEFIS. Den Delai fir sech op eng Wielerlëscht anzeschreiwen ass op den 13. Juli festgeluecht.