Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Net ouni Spëtzekandidaten

Europawalen 2024

Net ouni Spëtzekandidaten

D'Europaparlament wollt de System vun europawäite Spëtzekandidaten offiziell verankeren an hat proposéiert, trans-national Wallëschten anzeféieren. Néng Méint virun de Wale steet awer fest: dozou kënnt et net. Wat bleift also iwwereg vun der Iddi vun de Spëtzekandidaten?

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


D'Iddi vun de Spëtzekandidate war vu vir era komplizéiert. Virun ass net gekläert, wéi eng Konsequenzen et huet, un der Spëtzt vun enger europäescher Partei an d'Walen ze goen.

2019 gouf d'Iddi vun de Spëtzekandidaten ignoréiert

Mir erënneren eis: 2019 gouf net de Manfred Weber - de Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei, déi d'Wale gewonnen hat - President vun der Europäescher Kommissioun. D'Staats- a Regierungscheffen hunn d'Walverspriechen ignoréiert, an d'Ursula von der Leyen kuerzerhand op dee Poste gehuewen.

Enttäuschung a Roserei gouf et dono am Europaparlament. "Dat schued eiser Credibilitéit, dat ass ganz kloer.", fënnt d'Tilly Metz vun deene Gréngen. De Christophe Hansen vun der CSV schwätzt vun engem Demokratiedefizit, "well Leit soen eis ganz kloer: mir wëllen driwwer ofstëmmen, wien déi nei Nummer 1 gëtt."

2024: Walreform gouf net op de Wee bruecht

Dës Kéier proposéiert d'Parlament ee Schratt méi wäit ze goen, andeems d'Parteien eng länneriwwergräifend Lëscht mat un der Spëtzt hirem Kandidat fir de Poste vum Kommissiounspresident presentéieren.

Och hei awer soen d'Staats- a Regierungscheffen awer Nee. Si hu bis elo keng Reform vum Walsystem op de Wee bruecht.

Den "elitäre Club vun de 27 Staats- a Regierungscheffen" géing "d'Ficelle léiwer selwer zéien", stellt de Marc Angel vun der LSAP fest.

De Premier Xavier Bettel sot am Juni um Bord vum EU-Sommet:

"Den Ament spieren ech, datt mir net prett sinn um europäeschen Niveau."

Xavier Bettel: "Ech hu kee Problem domat"

Seng Aussoen deiten un, datt och hien sech net aktiv dofir asetzt.

"Ech hu kee Problem domat. Ech gesinn net firwat een sech do sollt opposéieren."

Dat wichtegst, sou de Premier, ass, datt Lëtzebuerg seng sechs Sëtz am Europaparlament behält.

"Fir mech ass wichteg, datt do näischt dru geréckelt gëtt. Wann do géif fënnef stoen, da kann ech iech soen, datt dir hei een hätt, dee sech géif farouchement opposéieren."

Spëtzekandidaten och ouni transnational Lëschten

Déi meescht Parteien awer wäerte wuel trotzdeem 2024 ee Spëtzekandidat nominéieren. Dat hunn op alle Fall éi gréng, d'Sozialisten an och d'EVP annoncéiert.

"Des Kéier musse mer dee Message vermëttelen des Kéier muss et klappen, well soss ass dee System dout", sou de Marc Angel. Och d'Iddi vun de transnationale Leschten ass net definitiv vum Dësch, seet d'Tilly Metz.

"Transnational Lëschten: dee Kuch ass giess fir dës Walen, ma ech gleewen awer dru fir d'Zukunft, datt mir dat kréien."