Chamberwahlen 2018 "Net nëmme mat Geldleeschtunge wierken"

D'LSAP wäert d'Fuerderung vun enger Hausse vun zéng Prozent vum Mindestloun net iwwerhuelen. Dat geet ervir aus dem Gespréich mat der Taina Bofferding. D'Kannergeld misst net nëmmen indexéiert, mee och besteiert ginn.

Mick Entringer / cbi

Taina Bofferding
LSAP-Deputéiert Taina Bofferding

Den LSAP-Spëtzekandidat Etienne Schneider hat eng Hausse vun 100 Euro netto vum Mindestloun ugekënnegt. Wéi dat soll finanzéiert ginn, konnt d'LSAP-Deputéiert Taina Bofferding net soen. Si kéint sech awer virstellen de Mindestloun vun der Akommessteier ze befreien, esou d'LSAP-Deputéiert.

Et dierft een net vergiessen, datt zanter dem 1. Januar 2017 de Mindestloun-Empfänger scho wesentlech méi géife kréien. Virdrun hätt et eng Indextranche ginn, et wier e Reajustement vum Mindestloun ginn an eng Steierreform, bei där d'Mindestlounbezéier ronn sechs Prozent méi géife kréien.

Ville Leit hëllefen

"An dann net ze vergiessen, nach all déi Sachleeschtungen, déi ustinn. Dat ass eppes, wou dës Regierung vill Wäert drop geluecht huet", esou d'LSAP-Deputéiert. Et wéilt ee weider net nëmme mat Geldleeschtunge wierken, mee och an d'Richtung vun de Sachleeschtunge goen, seet d'Taina Bofferding.

Weider Sozialmesuren, déi an den LSAP-Wahlprogramm misste mat afléissen, wier, datt d'Kannergeld net just indexéiert, mee och besteiert misst ginn, fir méi sozial Selektivitéit ze garantéieren.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Corinne Cahen
Chamberwahlen 2018

D'Reform vum RMG géif Monoparentallen a Kanner an de Mëttelpunkt stellen, seet d'DP-Presidentin Corinne Cahen. Et misst een "iwwer de ganze Steiersystem" kucken, a Kanner och do an de Mëttelpunkt stellen.

Marc Baum
Chamberwahlen 2018

"Wann een e Projet "Revenu d'inclusion sociale" nennt, an dee leit 25 Prozent ënnert deem wat eng Famill zu Lëtzebuerg brauch fir dezent ze liewen, dann ass dat en Hohn", seet de Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk.

Programm

Net verpassen

  • Voices vum Max Richter

    Max Richter

    Dem brittesche Komponist seng nei Kompositioun gëtt um internationalen Dag vun de Mënscherechter, den 10. Dezember, am Reseau vun der Union Européenne de Radio-Télévision diffuséiert.

    Dësen Donneschdeg, owes um 8 Auer - och um radio 100,7

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen