Bauerenzentral Net genuch Fudder fir d'Déieren

Zu Lëtzebuerg koum et wéinst der Dréchent iwwer de Summer zejoert zu enger Reduzéierung vum Véibestand bei de Baueren. Dat huet eis op Nofro hin d'Josiane Willems, Direktesch vun der Bauerenzentral, confirméiert. Duerch d'Dréchent, déi sech bis an den Hierscht gezunn huet, konnt net genuch Fudder fir d'Déieren hiergestallt ginn.

Maurice Anthony / cbi

Josiane Willems
D'Josiane Willems ass Direktesch vun der Bauerenzentral. Foto: Archiv.

Zwar gouf duerch Importer op den Enkpass reagéiert, mee fir de Besoin u Fudder komplett ze decke wieren dës Importer awer net duergaangen. Dëst hätt dozou gefouert, datt d'Baueren duerch de Verkaf an d'Schluechte vun den Notzdéieren, virop Mëllechkéi, dozou gezwonge waren, hire Bestand ze reduzéieren.

Präis vum Fudder ass an d'Luucht gaangen

Zanter Juli 2018 hunn d'Baueren hiert Véi mat den eigentleche Wanterreservë misste fidderen, well virop d'Kéi net genuch Wiss hate fir ze grasen. De Reen am September hätt zwar fir eng kuerz Entspanung gesuergt, mee den Impakt vun der laanger Drécheperiod bis an den Hierscht eran hätt d'Baueren dozou gezwongen um Marché aktiv ze ginn.

D'Josiane Willems, Direktesch vun der Bauerenzentral erkläert, datt vill Baueren hu missten zousätzlecht Fudder kafen. "A vu datt et iwwerall an Europa extrem dréche war a verschidde Regiounen nach méi wéi hei zu Lëtzebuerg, sinn d'Präisser vun Hee- a Stréifudder extrem an d'Luucht gaangen."

Vill Mëllechkéi goufe geschluecht

Dëst wier eng enorm héich finanziell Belaaschtung fir d'Betriber gewiescht, esou d'Josiane Willems. Dat huet dozou gefouert, datt all Véibetriber zu Lëtzebuerg hire Bestand reduzéiert hätten, dat awer net esou massiv wéi an anere Regiounen an Europa.

Vill Betriber hätte Mëllechkéi awer ofgestockt, also geschluecht, erkläert d'Josiane Willems, fir "datt se mat deem anere Véi iwwer d'Ronne kommen." Et wier awer schwéier, déi ze chiffréieren. Mëllechkéi géife geschluecht a jonk Ranner verkaf ginn.

Finanziell Hëllef ass geréng

Subsidë vun der Europäescher Unioun wiere keng zu Lëtzebuerg ukomm, mee vun der Regierung hätt ee keng zousätzlech finanziell Hëllefe kritt, esou d'Josiane Willems. Um Landwirtschaftsministère hätt een op d'Ofschléisse vun enger Versécherung vu Gréngland verwisen, déi a Fäll vun enger Dréchent fir de Schued géif opkommen, mee et wieren awer ganz wéineg Betriber, déi eng Grénglandversécherung ofgeschloss hätten.

D'Situatioun hätt sech mëttlerweil nees berouegt, esou d'Josiane Willems. Et misst een awer domat rechnen, datt et nach bis Februar weiderhin zu vereenzelte Reduzéierung vu Véibestänn kéint kommen.


De Maurice Anthony am Panorama, de 4. Januar um 18 Auer:

Lauschteren

Méi zum Thema

Iwwerschwemmung 3
Joresréckbléck

Tëschent Juni an August hu verschidde Wiederkonditioune fir Chaos a Schied am Land gesuergt. Nieft den Iwwerschwemmungen hat Lëtzebuerg och mat héijen Temperaturen ze kämpfen. E Réckbléck.

riicht-eraus.jpg Riicht Eraus
Nowuess an der Landwirtschaft

Wien e Bauerebetrib féiert, muss mat ville Risiken ëmgoen. Wie wëllt mathalen, brauch Land a modern Infrastrukturen a muss investéieren. Präisschwankungen op de Weltmäert reduzéieren d'Planungssécherheet.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen