D'Regierung vum Staatsminister Gaston Thorn (DP, 1974-1979) hätt vill méi nozehuele gehat wéi déi aktuell Regierung, well ënnert de Regierunge vum Premier Pierre Werner (CSV, 1959-1974) wier et méi gesellschaftspolitesche Reformstau gi wéi ënnert de Regierunge vum Premier Jean-Claude Juncker (CSV, 1995-2013), esou de Romain Hilgert vun der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land.
Donieft wier d'Regierung vun 1974 vun enger Massebasis ronderëm de Generalstreik vum 9. Oktober 1973 gedroe ginn, während déi aktuell Regierung 2013 just haaptsächlech vu Lobbye vun der Chambre de Commerce gedroe gi wier.
"Keen ambitiéise Regierungsprogramm"
De Raymond Klein vun der woxx sot an der Diskussiounsronn, leider kréich des Legislaturperiod keng sou grouss historesch Valeur. Dat wier fir hien awer scho kloer, zënter datt de Regierungsprogramm am Dezember 2013 publizéiert ginn ass. Dee Programm wier net ganz ambitiéis an dofir hätt hie sech vun dëser Regierung tëscht DP, LSAP an déi gréng net méi sou vill erwaart.
Dem Claude Karger vum Lëtzebuerger Journal no, wier et awer historesch datt iwwerhaapt dräi Parteien zesummen an der Regierung sinn. Donieft wier d'Legislaturperiod nach net eriwwer. Déi aktuell Regierung hätt no hirem Untrëtt vill missen an de Ministèren ëmkrämpelen. Dono hätt se awer eng gutt "vitesse de croisière" erreecht.
Net méi transparent
Obwuel d'Regierung vum Xavier Bettel (DP) Enn 2013 annoncéiert huet, se géif "d'Fënsteren oprappen" a se géif d'Land méi transparent maachen, wier déi Euphorie no verschiddene politeschen Néierlage verluer gaangen, esou de Romain Hilgert. E Beispill wier, datt de Premier d'Loscht un de Pressekonferenzen nom Regierungsrot nach méi séier verluer hätt, wéi virdrun de Jean-Claude Juncker.
An d'CSV?
Vun der Oppositiounsaarbecht vun der CSV, der gréisster Partei an der Chamber, sinn déi dräi Journalisten net iwwerzeegt. Hien hätt inhaltlech nach net vill vum CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler héieren, esou de Claude Karger. Wéi hien als Spëtzekandidat fir d'Chamberwahle vum Oktober 2018 gewielt gouf, hätt de Claude Wiseler zwar mat e puer inhaltleche Pisten ugesat, mä et géif een nach op méi Konkretes waarden.
De Raymond Klein mengt, d'CSV hätt sech an der Oppositioun nach ëmmer net kloer inhaltlech positionéiert. D'Partei géif nach ëmmer riskéiere méi no riets ze driften.
Mä, esou de Romain Hilgert: "D'CSV huet et op eng remarkabel Manéier fäerdeg bruecht, d'Transitioun nom Jean-Claude Juncker ze geréieren, ouni datt et groussen interne Buttek gouf." Nom Depart vum Jean-Claude Juncker an d'EU-Kommissioun, hätt jidderee gesot, d'CSV géif am Chaos ënnergoen. Datt d'CSV keng staark Oppositioun maache kéint, hätt mat der Vergaangenheet ze dinn: Déi Blo-Rout-Gréng Regierung géif gréisstendeels déi Politik viru féieren, déi d'CSV selwer an de Regierunge virdru mat der LSAP an der DP gemaach huet.