Demokratie 2018 Net déi néideg Ënnerschrëfte vun den Deputéierten?

Exklusiv Demokratie 2018
Pressekonferenz vun Demokratie

Dem Uschäin no huet keen Deputéierten d'Kandidatur vun der Biergerinitiativ Demokratie2018 mat senger Ënnerschrëft ënnerstëtzt. De leschte Freideg haten déi Responsabel vun där Biergerinitiativ virun der Press behaapt, datt se an alle véier Bezierker vun engem Deputéierte géifen ënnerstëtzt ginn. Dem Gesetz no brauch een, fir kënnen eng Lëscht ze deponéieren, fir all Bezierk d'Ënnerschrëft vun engem Deputéierten oder dräi Gemengeconseilleren oder 100 Bierger.

D'Fraktiounscheffen an der Chamber hunn op Nofro hinn dementéiert, datt si fir Demokratie2018 ënnerschriwwen hunn. Och bei der ADR an déi Lénk ass et een Dementi. "Fir LSAP-Deputéiert ass dat de Parteistatuten no net erlaabt", sou hire Fraktiounsspriecher Alex Bodry. Wann et een Deputéierte vun der DP soll gewiescht sinn, da kréich deen dofir net op d'Fangere geklappt, sou de Spriecher vun de Liberalen, Eugène Berger. Als Demokratesch Partei wéilt ee prinzipiell de Pluralismus ënnerstëtzen. Mëtt August leeft den Delai fir den Depot vun de Kandidatelëschten aus. Spéitstens da weess een dann och, de Fall gesat, wie wéi eng Lëscht ënnerstëtzt huet.

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen