Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net de Chômage finanzéieren, mä an d'Aarbecht investéieren"

Laangzäitchômage

"Net de Chômage finanzéieren, mä an d'Aarbecht investéieren"

Nach virum Summer soll e Gesetz gestëmmt ginn, fir Laangzäitchômeuren den Accès op den Aarbechtsmaart z'erliichteren. Domadder wëll den Aarbechtsminister Nicolas Schmit nach dëst Joer 150 Leit e festen Aarbechtskontrakt verschafen. Déi Jobbe gi beim Staat, an de Gemengen oder an Asble geschaaft. De Privatsecteur ass ausgeschloss.

auto_stories

2 min

Leit, déi iwwer 30 Joer al sinn, bei der ADEM ageschriwwen an zënter 12 Méint keng Aarbecht hunn, sollen an Zukunft vun de Reegele fir Laangzäitchômeure kënne profitéieren. Besonnesch viséiert sinn awer Persounen iwwert 50 Joer. Dofir sollen nei Aarbechtsplazen am ëffentleche Secteur geschaaft ginn. Och Asble kéinten drop zréckgräifen. De Privatsecteur net.

Vum "Aktivéierten" zum Salarié

"Wann de Privatsecteur un deene Leit interesséiert wär, dann hätt hien deene Leit schonn eng Chance ginn", seet den Nicolas Schmit. Dofir géing déi nei Reegelung sech och net un de Privatsecteur adresséieren. Eng ganz Rei Persounen am Chômage oder déi den RMG kréien, géingen aktuell an Aarbechtsmesuren "aktivéiert" ginn, seet de Nicolas Schmit. Dat wär awer keng richteg Aarbecht. Hie wéilt déi Leit aus der Precaritéit huelen an hinnen eng Dignitéit ginn.

Trotz "Oppositions formelles" vum Staatsrot, rechent de Minister domadder, datt d'Gesetz nach virum Summer duerch d'Chamber geet. Nach dëst Joer sollen iwwert dee Wee 150 Leit eng fest Aarbecht kréien. Enner anerem sollen zäitlech begrenzten Aarbechtskontrakter a onbegrenzten Aarbechtskontrakter ëmgewandelt ginn. Zousätzlech dozou sollen och nei Jobbe geschaaft ginn. Dofir géinge geziilt d'Gemengen ugeschwat ginn, wou et vill Chômage gëtt. Mä och all aner Gemeng kéint matmaachen.

Finanzement

Am Plaz Chômage an RMG ze bezuelen, géingen déi Betraffen eng fest Pai kréien. D'Regierung ass bereet, Salairë bis zu 1,5 mol de Mindestloun ze finanzéieren, esou de Nicolas Schmit. D'Suen dofir kéimen aus dem 'Fonds pour l'emploi', aus deem och de Chômage an d'Beschäftegungsmesurë bezuelt ginn. Den zousätzleche Käschtepunkt d'Joer fir esou e Posten, schätzt de Minister op eng Millioun Euro fir 100 Persounen. Dem Gesetzprojet no soll de Staat dräi Joer esou eng Aarbechtsplaz co-finanzéieren. Duerno géing den Employeur den integrale Salaire iwwerhuelen.

Hausse vum Mindestloun: fir déi nächst Regierung

Fir dës Legislatur wäert et keng Erhéijung vum Mindestloun ginn, esou nach den Aarbechtsminister. Hien hätt awer eng deementspriechend Etüd an Optrag ginn. Et wär un der nächster Regierung eng Entscheedung ze huelen, seet de Nicolas Schmit. D'Gewerkschaft OGBL fuerdert aktuell eng Hausse vun 10 Prozent vum Mindestloun.