Masseweis E-Mailen net néideg
"Wann d'Entreprise op Nummer sécher wëll goen a seet si wéilt eng nei Zoustëmmung kréien, dann ass dat grondsätzlech awer an der Rei. Wat a mengen Aen ee grousse Problem ass, ass datt deelweis E-Mailen u Leit verschéckt ginn, déi bis elo guer keng Zoustëmmung ginn hunn. Déi am Fong geholl och guer näischt dovu woussten, datt si op iergendwelleche Lëschte sinn. An déi elo vläicht tentéiert kéinte sinn, fir eng Zoustëmmung ze ginn ouni grouss nozedenken."
Desinformatioun
Dem däitschen Expert no géife vill falsch Informatiounen iwwert dat neit europäescht Dateschutzgesetz verbreet ginn. Zum Beispill géif et net stëmmen, datt all Dokter a sengem Cabinet een Dateschutzbeoptraagte misst hunn. Nëmmen déi, bei deenen "dat ëmfaassend Beobachte vu ville Mënschen de Kär vun hirem Geschäftsmodell" ausmécht, bräichten esou ee Beoptraagten, seet de Peter Schaar.
Och d'Behaaptung, datt een engem eng Dateschutzerklärung misst ginn, wann een eng Visitekaart entgéint hëlt wier net richteg. Et géifen allerdéngs eng ganz Parti esou falsch Informatioune ginn. "A wien do probéiert säi Geschäft drop opzebauen, deen agéiert net serieux".
Widderspréch
D'Dateschutzgesetzer fir d'Entreprisë gi verschäerft, mee d'Staate selwer versichen hir Bierger Online ëmmer méi z'iwwerwaachen. Dat wier ee Widdersproch, seet den däitschen Dateschutzexpert. D'Verschäerfung vun de Sécherheetsgesetzer an den EU-Memberstaaten wier dacks eng reng symbolesch Mesüre. Et wier net erwisen, datt méi Iwwerwaachung bei der Bekämpfung vun Terrorismus a schwéirer Kriminalitéit hëlleft.
Och d'EU géif ëmmer nees Gesetzer proposéieren, déi ze wäit an d'Privatsphär vun de Bierger agräifen. De Peter Schaar nennt ënnert anerem d'Vorratsdatespäichere vun Telekommunikatiounsdonnéeën an d'Späichere vun den Donnéeë vu Fluchpassagéier. Zum Gléck géif et déi europäesch Grondrechtscharta ginn, opgrond vun där d'Geriichter iwwerdriwwe Gesetzer kënne kippen.
De Peter Schaar war tëscht 2003 an 2013 Bundesdateschutzbeoptraagten an Däitschland. Haut ass hien ënnert anerem President vun der Europäescher Akademie fir Informatiounsfräiheet an Dateschutz. An de leschte Joren huet hien eng Rei Bicher zum Thema Dateschutz a publizéiert.