Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nëmmen an Ausnamefäll op Schraasseg

Mannerjäreger am Erwuesseneprisong

Nëmmen an Ausnamefäll op Schraasseg

De Justizminister Félix Braz (déi gréng) gëtt zou, datt d'Infrastrukturen zu Schraasseg net optimal sinn. Mam geplangten neie Jugendschutzgesetz solle Mannerjäreger nëmmen nach an Ausnamefäll an ënner strikte Konditiounen op Schraasseg kommen. De Minister rechent net domat, datt d'Reform vum Jugendschutzgesetz nach dës Legislatur ka gestëmmt ginn. Den entspriechende Gesetzprojet - dee schonn zënter dem leschten Hierscht fäerdeg ass - soll awer den nächste Mount an de Regierungsrot kommen, huet de Félix Braz am 100,7-Interview confirméiert.

auto_stories

4 min

De grénge Justizminsiter Félix Braz

De Minister versprécht däitlech Verbesserungen am Verglach mam Gesetz vun 1992. De Felix Braz schwätzt vun engem "Konsenstext", deen a 15 Reuniounen zesumme mat allen Acteuren ausgeschafft gi wier.

Nëmmen an Ausnamefäll op Schraasseg

Am geplangten neie Gesetz soll d'Méiglechkeet bestoe bleiwen, datt Mannerjäreger an de Prisong op Schraasseg kënne gesat ginn, dat an Ausnamefäll an ënnert strikte Konditiounen. Eréischt wa Léisunge fir all potentiell Konflikter an der Sécherheetsunitéit zu Dräibur fonnt sinn, solle keng Mineure méi an den Erwuesseneprisong op Schraasseg kommen, esou de Justizminister:

"Dofir schaffe mir drun, datt mir dee Prinzip, an deen Usproch, datt kee Mannerjäregen am Erwuesseneprisong zu Schraasseg soll sinn, mir schaffen dorunner, datt mir dee Prinzip ëmgesat kréien, well de Prinzip z'annoncéieren ass dat eent, mä e muss och praktesch mussen ëmgesat ginn, an dat an engem Kontext, wou mir och zu Dräibur de potentiell schwierege Voisinage do wëllen zouféieren."

Zesumme mam Educatiouns- a Jugend-Minister Claude Meisch (DP) schafft de Justizminister u méigleche Léisunge fir déi potentiell Schwieregkeeten zu Dräibur. Déi deementspriechend Virschléi an de Projet fir d'Reform vum Jugendschutzgesetz sollen den nächste Mount presentéiert ginn, esou de Félix Braz.

"Et ass ganz kloer, datt de Projet de loi als But huet dat par Rapport zum Gesetz, wéi mir et haut kennen, däitlech soll an deem Sënn verschäerfen, datt d'Konditiounen an d'Gesetz stoe kommen an déi wäerte präzis am Gesetz stoen, fir ze soen ënnert wéi enge restriktive Konditiounen iwwerhaapt nach eventuell ee Mannerjäregen dierft an den Erwuesseneprisong kommen."

Infrastrukturen net optimal

"Do si mir verbesserungsfäeg, an dofir mengen ech och an dofir ënnerstëtzen ech och de Prinzip, datt mir doru schaffe sollen, datt kee Mannerjäregen am Erwuesseneprisong soll sinn", seet de grénge Justizminister. Dat Schraasseger Gebai, wéi een et haut kennt, géif a ville Punkten de strengsten Uspréch net gerecht kënne ginn. Déi Kritik géif zoutreffen, esou de Félix Braz. Et géif een am Prisong natierlech dat Bescht maachen, fir all Kontakt mat den Erwuessenen z'evitéieren, "mä et ass richteg, datt déi Infrastrukturen, wéi mir se haut hunn, net 100 prozenteg optimal sinn, an do wäert ech och déi Kritik net wëlle falsch maachen."

Et wier een Aarbechtsgrupp agesat ginn, fir schonn elo ze plangen, wéi dëse Prisong kann ëmgebaut ginn, soubal deen neie Prisong fir Untersuchungs-Prisonéier zu Suessem 2022 opgeet. Wann an Zukunft nach Mannerjäreger am Erwuesseneprisong zu Schraasseg sëtzen, da soll selbstverständlech eng sozio-edukativ Betreiung duerch d'Personal aus der spezialiséierter Sécherheets-Unitéit UNISEC vun Dräibur assuréiert ginn, versprécht de Justizminister. Op där anerer Säit géif de Prisong vu Schraasseg e Pool vun 23 Giischtercher fir Dräibur zur Verfügung stellen.

En "No go"

Fir déi consultativ Mënscherechtskommissioun bleift et een "No go", datt och an Zukunft nach ëmmer Mannerjäreger an de Prisong op Schraasseg kënne gesat ginn. De President vun der Mënscherechtskommissioun Gilbert Pregno erënnert un d'Versprieche vun de Politiker vu viru Joren, datt soubal d'UNISEC zu Dräibur op ass, kee Mannerjärege méi op Schraasseg soll kommen. Et wier "eng weider Etapp an der Planlosegkeet vun zeg Regierungen, vun zeg Ministeren a vun zeg Verwaltunge vu Ministèren, déi dee Jugendknast iwwert Joren sou viru sech trëlle gelooss hunn". Elo wier d'Unisec endlech do, an da géif ee gesinn, datt et un engem klore Konzept géif feelen, deen d'Riichtere missten hunn, fir ze wëssen, wien an déi Unité de sécurité géif kommen, esou de Gilbert Pregno.

"D'Magistrate waren ëmmer der Meenung, dat hat ech matkritt, si wollten nach ëmmer an den Erwuesseneprisong op Schraasseg placéieren. An ech gesinn, datt de Justizminister déi Positioun och iwwerhëlt. Ech fannen dat bedauerlech, ech hätt gär, datt de Minister an där Frostellung do sech och orientéiert no de Kannerrechter an nodeems wat d'Mënscherechtler dozou soen, well mir hunn an deem dote Beräich och vill ze soen."

D'Ukënnegung vun de Parquete Lëtzebuerg an Dikrech fir schonn elo d'Konditiounen aus dem Avant-Projet fir d'Jugendschutz-Reform z'applizéieren, begréisst de Gilbert Pregno:

"Ech fannen datt dat eng ganz gutt Entscheedung war, ech hätt mir gewënscht, datt si dat éischter kommunizéiert hätten, da wier jiddereen à jour gewiescht bei där dote Geschicht. Ech wënsche mir, datt och déi Iddien, déi an dem Projet Jugendschutzgesetz enthale sinn, datt een och schonn an déi dote Richtung schafft, well do si ganz vill Progrèsen z'erwaarden."