Radioen

On air

De Moien  |  Oregon Heart - You May Be Sorry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neit Naturschutzgesetz

Landwirtschaft

Neit Naturschutzgesetz

Dat neit Naturschutzgesetz ass deels problematesch fir d'Baueren, seet d'CSV-Deputéiert Martine Hansen. Et wier kee Gesetz fir d'Landwirtschaft, mä fir e Land mat enger ganz begrenzter Fläch, esou den Henri Kox, President vun der zoustänneger Chamberkommissioun.

auto_stories

1 min

Dat neit Naturschutzgesetz huet en Impakt op d'Landwirtschaft an ass deels problematesch fir d'Baueren, seet d'CSV-Deputéiert Martine Hansen an engem Face-à-Face mam gréngen Deputéierten Henri Kox. D'CSV ass averstane mat der Schafung vum Flächekompensatiounsfong. Dëse Grondprinzip vum Gesetzprojet gesäit vir, datt zerstéiert Biotopen integral kompenséiert ginn. D'Martine Hansen fuerdert awer, datt déi Kompensatiounsmesurë flächenextensiv ëmgesat ginn. D'Bauere géife sech Suerge maachen, datt Agrarland verschwënnt.

Et wier kee Gesetz fir d'Landwirtschaft, mä fir e Land mat enger ganz begrenzter Fläch, esou den Henri Kox, President vun der zoustänneger Chamberkommissioun. Mam neie Gesetz géifen nei Leitplanke gesat géinge ginn, déi och méi Kloerheet an Transparenz fir d'Landwirtschaft géife bréngen.

De Projet iwwert dat neit Naturschutzgesetz ass um Instanzewee. D'Amendementer zum Text sinn zréck un de Staatsrot gaange fir en zweeten Avis.