D'Chambre de Commerce an d'Chambre des Métiers hate sech am Februar nach eemol géint dat neit Mobbinggesetz ausgeschwat. Dat, well net mat de Sozialpartner am Virfeld geschwat gi wier. Allebéid hate se gefuerdert, de Gesetzesprojet zeréckzezéien.
Ee fundamentalen Desaccord
Et wier mat de Sozialpartner geschwat ginn, seet dozou den Dan Kersch, Rapporter an deemolegen zoustännege Minister vum Gesetzesprojet. Et wier awer keen Accord fonnt ginn.
"Souwuel mäi Virgänger Nicolas Schmit, wéi och ech selwer, hu ganz wuel bilateral Gespréicher iwwer dat Thema gefouert. Et huet sech allerdéngs erausgestallt, datt et een Desaccord fondamental gëtt, esouwuel tëscht de Patronen an de Gewerkschaften, an haaptsächlech ëm déi Fro vum Ëmdréine vum Charge de la Preuve."
Weider hunn d'Chambre de Commerce an d'Chambre des Métiers an hirem Avis drop higewisen, datt de Mobbing a Relatioun mat der Aarbecht schonn iwwer een Accord interprofessionel tëscht de Sozialpartner OGBL, UEL an LCGB vun 2009 géing gereegelt ginn. Fir den aktuellen Aarbechtsminister Georges Engel geet dat neit Gesetz awer méi wäit a wier och méi präzis.
"An eleng dat, datt et méi wäit geet an och méi Prezisioun gëtt, ass derwäert, datt mir haut hei e Gesetz stëmmen."
Keng Zoustëmmung vun der CSV
Déi gréissten Oppositiounspartei CSV wollt dem amendéierten Text haut keng Zoustëmmung ginn. De Marc Spautz huet ënner anerem Bedenke geäussert, well deem neie Gesetzestext no d'Inspection du Travail et des Mines an Zukunft soll a Fäll vu Mobbing op der Aarbecht intervenéieren.
"Bis elo war dat eng ASBL. An Zukunft ass et eng Institutioun wou d'Leit hir Reklamatioune raginn. Ass do d'Hemmschwell méi grouss oder ass do d'Hemmschwell méi kleng? Dat wäerten eis déi nächst 18 oder 24 Méint weisen."
Dee Moment soll dat neit Mobbinggesetz nämlech nach eemol evaluéiert ginn. Wann néideg soll dann och nogebessert ginn, dat huet de Rapporter Dan Kersch an enger Motioun proposéiert.