Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neit Mobbinggesetz kritt Geigewand

Kritik un neiem Gesetz

Neit Mobbinggesetz kritt Geigewand

Dat neit Mobbinggesetz, dat de fréieren Aarbechtsminister Dan Kersch am Juli 2021 deposéiert hat, gouf an der Chamber mat 33 Jo-Stëmmen a 25 Abstentiounen ugeholl. D'Oppositiounsparteien CSV an ADR hu sech enthalen. Kritik um neie Gesetzesprojet gouf et ënner anerem vun der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers. Hir Beweeggrënn kann den Dan Kersch awer net novollzéien.

auto_stories

2 min

Dat neit Mobbinggesetz gouf an der Chamber mat 33 Jo-Stëmmen a 25 Abstentiounen ugeholl.

Lauschterenplay_arrow


D'Chambre de Commerce an d'Chambre des Métiers hate sech am Februar nach eemol géint dat neit Mobbinggesetz ausgeschwat. Dat, well net mat de Sozialpartner am Virfeld geschwat gi wier. Allebéid hate se gefuerdert, de Gesetzesprojet zeréckzezéien.

Ee fundamentalen Desaccord

Et wier mat de Sozialpartner geschwat ginn, seet dozou den Dan Kersch, Rapporter an deemolegen zoustännege Minister vum Gesetzesprojet. Et wier awer keen Accord fonnt ginn.

"Souwuel mäi Virgänger Nicolas Schmit, wéi och ech selwer, hu ganz wuel bilateral Gespréicher iwwer dat Thema gefouert. Et huet sech allerdéngs erausgestallt, datt et een Desaccord fondamental gëtt, esouwuel tëscht de Patronen an de Gewerkschaften, an haaptsächlech ëm déi Fro vum Ëmdréine vum Charge de la Preuve."

Weider hunn d'Chambre de Commerce an d'Chambre des Métiers an hirem Avis drop higewisen, datt de Mobbing a Relatioun mat der Aarbecht schonn iwwer een Accord interprofessionel tëscht de Sozialpartner OGBL, UEL an LCGB vun 2009 géing gereegelt ginn. Fir den aktuellen Aarbechtsminister Georges Engel geet dat neit Gesetz awer méi wäit a wier och méi präzis.

"An eleng dat, datt et méi wäit geet an och méi Prezisioun gëtt, ass derwäert, datt mir haut hei e Gesetz stëmmen."

Keng Zoustëmmung vun der CSV

Déi gréissten Oppositiounspartei CSV wollt dem amendéierten Text haut keng Zoustëmmung ginn. De Marc Spautz huet ënner anerem Bedenke geäussert, well deem neie Gesetzestext no d'Inspection du Travail et des Mines an Zukunft soll a Fäll vu Mobbing op der Aarbecht intervenéieren.

"Bis elo war dat eng ASBL. An Zukunft ass et eng Institutioun wou d'Leit hir Reklamatioune raginn. Ass do d'Hemmschwell méi grouss oder ass do d'Hemmschwell méi kleng? Dat wäerten eis déi nächst 18 oder 24 Méint weisen."

Dee Moment soll dat neit Mobbinggesetz nämlech nach eemol evaluéiert ginn. Wann néideg soll dann och nogebessert ginn, dat huet de Rapporter Dan Kersch an enger Motioun proposéiert.