Déi Donnéeën, déi just opweisen, wie wéini mat wiem telephonéiert huet a wou ee sech zu deem Moment opgehalen huet, sollen an Zukunft just nach ënner spezielle Konditioune kënne gesammelt ginn, esou d'Sam Tanson.
Domat soll dat generellt an ondifferenzéiert Späichere vun Trafic- a Standuertdonnéeën ofgeschaaft ginn, erkläert d'Justizministesch.
Et gi punktuell Ausnamen
Ausname gëlle fir IP-Adressen, déi weiderhin zäitlech begrenzt ofgespäichert kënne ginn, dëst virun allem wéinst den Enquêten am Beräich vun der Pedopornographie. Dat selwecht gëllt fir déi elementar Donnéeën, déi ee bei engem Provider hannerléisst, also zum Beispill den Numm.
Och cibléiert kënne weiderhin Date gesammelt ginn, dat zum Beispill an der Situatioun vun enger graver Menace fir déi national Sécherheet. Och vu bestëmmte Persounen oder op geographesch Plazen, déi nach festzeleeë sinn, kënne cibléiert Date gesammelt ginn.
Strikt Reguléierung vum Accès
Den Accès zu dësen Donnéeën ass strikt reguléiert, erkläert d'Justizministesch Sam Tanson: just am Kader vun enger Enquête kéint een Accès op déi Date kréien, den och extra motivéiert misst ginn.
D'Reegele fir deen Accès géifen et haut schonn am Kader vum Code de procédure pénale ginn, seet d'Sam Tanson:
"Bei der Justiz ass dat op Ufro vum Untersuchungsriichter a beim Geheimdéngscht ass et den Artikel 7 vum Geheimdéngschtgesetz an dat ass op Autorisatioun vum Comité ministériel de renseignement, deen et dann haut och scho gëtt."
Der Justizministesch no hätt ee mam Text probéiert en Equiliber tëscht Sécherheetsintressen an dem Schutz vu perséinlechen Donnéeën ze schafen.