Am Gesetzestext steet zum Beispill keng Prezisioun iwwer d'Plazen op deenen een d'Käre vun haut u ka bezéien. Den Eric Kiens bedreift ee CBD-Shop hei am Land. Hie verkeeft Som, seet awer, et hätt een am Virfeld kee Kontakt mat den Autoritéite gehat.
"Vun de Ministèren si mir net wierklech kontaktéiert ginn, respektiv och net vun der Douane. Do krute mir och guer kee Briefing iergendwéi. Dat heescht mir mussen eis wierklech da reng op de Gesetzestext baséieren, wat elo d'Verpakung ugeet an d'Hierstellungsland an sou weider."
Am Prinzip mussen d'Produiten etikettéiert ginn, bis gëschter Owend wousst den Eric Kiens eegenen Aussoen nach net, wat ob déi Etikette soll kommen. An och net, wéi vill Käre pro Client däerfe verkaf ginn. Ob säi CBD-Shop haut d'Bud agerannt krit, kann hien net aschätzen, ma preparéiert huet e sech trotzdeem. Hien hätt awer och scho Käre vun engem vu senge Produzenten aus Italie kritt.
Streng Kontrollen
Wéi héich den Ertrag vu véier Planze kéint sinn, wier schwéier soen, mengt den Eric Kiens nach weider, richteg Kenner kéinte bis zu engem Kilo mat véier Planzen ziichten. Eng iewescht Grenz fir den THC-Wäert vun der Recolte gëtt et net, esou de Justizministère op eis Nofro hin. Fir Som dierfen ze kafen muss een 18 Joer al sinn.
"Soubal mir halt en Doute hunn bei engem Client, dann hu mir natierlech d'Recht d'Carte d'identité ze froen. Mir wëlle wierklech net, datt lo do Kären oder CBD-Bléien, wat jo ënner Tabaksgesetz fält an ab 18 ass, datt dat dann u Mannerjäreger rausgeet, mir sinn do ganz strikt dodranner."
Och Touriste kéinte Käre kafen, esou de Gesondheetsministère op eis Nofro hin, et géif an den Touristen hirer Responsabilitéit leien, se net mat an e Land ze huelen, wou et verbueden ass.
Onkloerheete ronderëm gemeinsame Budget
D'Gesetz gesäit véier Planze pro "communauté domestique vir - dem Text no ass dat ee Stot mat engem "budget commun". Wat awer am Detail ënnert engem gemeinsame Budget ze verstoen ass, wier net definéiert, gëtt de Justizministère zou. Wat heescht dat also zum Beispill fir eng WG?
"Wann d'Collocatairen e getrennte Budget a Contrat de bail hunn, da kënne si als communauté domestique fir sech eleng consideréiert ginn a kënne véier Planze pro colocataire ubauen", heescht et an der Äntwert vum Justizministère nach weider. Am Fall vun enger Poursuite wéinst zum Beispill dem Iwwerschreide vun der erlaabter Zuel vu Planzen, misst d'Situatioun vun engem Stot eenzel iwwerpréift ginn.
Den Ertrag dierf iwwerdeems och just bannent enger communauté domestique gedeelt ginn, esou nach de Justizministère - d'Deele vum Ertrag mat den eegene Matbewunner ass domat also net erlaabt.