Ënner 500 Neiinfektiounen den Dag ze kommen, dat war d'Zil, dat d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert gëschter formuléiert huet. An der Wochemoyenne leie mer elo bei ronn 580 deeglechen Neiinfektiounen. Och bei den aneren Indicateure gëtt et keng Verbesserungen. D'Hospitalisatiounen an d'Stierffäll leien den Ament esou héich wéi nach ni. Aacht weider Doudeger wéinst Covid-19 gi gemellt.
Eleng dëse Mount si scho 87 Covid-Stierffäll gemellt ginn. Den Zwou-Woche-Schnëtt läit duebel esou héich wéi wärend der éischter Well viru siwe Méint. D'selwecht bei den Hospitalisatiounen: 247 Better si beluecht. Bannent dräi Deeg ass dat eng Hausse vun 41 Patienten. An d'Altersmoyenne vun den aktiven Infizéierten ass weider geklommen. D'Hospitalisatiounen an d'Stierffäll kënne just zeréckgoen, wann och d'Neiinfektiounen zeréckginn: Dat ass bis elo net de Fall. De Méindeg kéint d'Chamber also nei Restriktioune stëmmen, dorënner eng Limitatioun vun de Kontakter op zwee, d'Fermeture vun de Caféen a Restauranten a vun de Kulturevenementer, wärend deenen d'Leit sëtzen.