Op d'Mannst zwee Deeg d'Woch kënne Frontaliere vun elo un am Home Office bleiwen. Bis ewell waren et zu Lëtzebuerg nëmme maximal 25 Prozent, also 10 Stonnen d'Woch.
Eng Reegel mat Ausnamen
D'Konditiounen fir vun der neier Reegelung kënnen ze profitéieren sinn, datt de Salarié nëmmen a senger Heemecht Home Office mécht, also net an en anert Land dofir reest. E muss sech kënnen an den informatesche System vu sengem Employeur aloggen, an en dierf weder a senger Heemecht oder soss engem Land, dat den Accord mat ënnerschriwwen huet, eppes anescht schaffen.
Independanten a Leit, déi an engem Land wunnen, dat d'Ofkommes net ënnerschriwwen huet, kënnen net vun den neie Reegele profitéieren. Déi Prezisiounen huet de Sozialversécherungsministère erausginn.
Den Employeur muss iwwerdeems bis den 30. Juni d'nächst Joer beim Centre commun de la sécurité sociale déclaréieren, wa Mataarbechter, déi am Ausland wunnen, reegelméisseg Télétravail maachen. Dofir huet den CCSS den Internetsite www.teletravail.ccss.lu an d'Liewe geruff, als Iwwergangsléisung. Am éischte Semester 2024 soll en anere System en place gesat ginn.
Steierlech Realitéit ass nach eng aner
E Stéck méi Fräiheet also fir d'Frontalieren. Iwwer 100 Deeg kënne si zukünfteg pro Joer - an der Theorie, den Employeur muss nämlech averstane sinn - vun doheem aus schaffen a bleiwen awer bei der Lëtzebuerger Sozialversécherung affiliéiert.
Wat de steierleche Volet ubelaangt ass d'Realitéit allerdéngs nach eng aner. An der Belsch an a Frankräich läit d'Grenz bei 34 Deeg Home Office d'Joer, ab där de Frontalier bei sech doheem muss Steiere bezuelen. Fir Däitschland sinn et esouguer nëmmen 19 Deeg. Den Ament verhandelt de Lëtzebuerger Finanzministère mat sengem däitsche Géigepart iwwer eng eventuell Erhéijung vun deem Plafong.
Dëst Ofkommes gouf vun der europäescher Kommissioun fir d'Koordinatioun vun de Sozialversécherungen ausgeschafft. Nieft Lëtzebuerg a sengen dräi Nopeschlänner sinn och beispillsweis d'Schwäiz, Portugal oder Finnland Signataire.