Radioen

On air

Simon Says  |  Anthologie: Good Morning Vietnam (Cd 1) - Box Tops, The - The Letter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neien RGTR Busreseau: Euphorie oder Enttäuschung bei de Bierger?

Ëffentlechen Transport

Neien RGTR Busreseau: Euphorie oder Enttäuschung bei de Bierger?

D'Reorganisatioun vum nationale Busreseau suergt bei de Bierger fir ënnerschiddlech Reaktiounen. Op enger rezenter Informatiounsversammlung konnt mam Transportministère iwwer d'Verännerunge vum neie Busreseau diskutéiert ginn. D'Ëmsetzung vun der Reorganisatioun soll am Mee dëst Joer ufänken a fir September 2021 fäerdeg sinn. Ronn 200 Bierger aus der Ëmgéigend waren um Owend dobäi fir dem Minister konkret Froen zum neie Busreseau ze stellen.

auto_stories

3 min

Den neien RGTR Busreseau suergt fir Diskussioune tëschent Bierger a Transportministère: Dat op enger zweeter regionaler Informatiounsversammlung am Oste vum Land. Dem Transportminister François Bausch no wier d'Zil vun der Reorganisatioun, méi Koherenz am Busreseau ze schafen an d'Busverbindunge landeswäit ze erweideren. De Bustrafic soll méindes bis freides vu 5 moies bis 11 owes fonctionéieren.

"Egal wou een am Land wunnt, kritt ee bis owes 11 Auer nach e Bus, ech soen Iech dat gëtt et néierens. Dir fannt néierens eng Regioun am Ausland, wou dir sou en dicht Busnetz mat engem permanent garantéierten Takt vu moies 5 Auer bis owes 11 Auer ugebuede kritt.

Nieft neien Express-Buslinnen a Buscouloirë sollen Haaptachsen a transversal Verbindungen dofir suergen, datt d'Busser net méi duerch de Stadzentrum fueren. Op Pôle d'échangë soll den ëffentlechen Transport da matenee verbonne ginn. De Pôle d'échange bei der Luxexpo um Kierchbierg wier den Ament awer eng Katastroph, mengt ee vun de Bierger.

"Dat allerschockanst ass, datt de ganze Pôle zanter engem Joer mat enger Dixitoilette, fir all déi Leit, déi do ukommen, desservéiert gëtt. An ech mengen et géif de Staat oder d'Gemeng Lëtzebuerg net vill Sue kaschten fir en anstännege Container dohin ze setzen, fir datt all déi Leit déi do ukommen, wéinstens würdeg op d'Toilette kënne goen."

Den Transportminister stëmmt zou, datt eng Verbesserung vun dësem Pôle d'échange méi wéi iwwerfälleg ass. E Bäcker an Akafsméiglechkeete wieren op dësem Pôle d'échange och virgesinn.

Ausbau vum Tram an der Planung

Den Ament géif et zu Lëtzebuerg e grousse Retard beim ëffentleche Transport ginn, well iwwer Joerzéngten an den Individualverkéier investéiert gouf.

"Dat muss ee sech awer och bewosst sinn, mir kënne net vun all Géigend am Land iwwerall no iwwerall eppes organiséieren. Et muss een awer mat Ëmsteige schaffen. Mee ech soen Iech och, datt mer schonn an der Planung si fir den Tram weider auszebaue bis bei de Centre Hospitalier."

D'Reform vum nationale Busreseau misst am Kontext vun all de Verännerungen am Beräich vum ëffentlechen Transport verstane ginn. Fir Verbesserungsvirschléi vu Bierger wier ee weiderhin oppen, sou nach de Minister. Um Enn vum Owend, ass de perséinleche Bilan vun de Leit awer ënnerschiddlech ausgefall.

Méi Informatiounen iwwer déi nächst Versammlungen sinn hei ze fannen.