Zu den neie Mesurë gehéiert zum Beispill, datt e Klimapakt fir d'Betriber kënnt. Et gëtt e sougenannte Sozial-Leasing fir Elektroautoen agefouert an et kënnt eng Solar-Flicht fir grouss Halen.
Da soll och d'CO2-Taxe schrëttweis em fënnef Euro pro Tonn a pro Joer gehéicht ginn, sou datt se 2027 op 45 Euro pro Tonn wäert leien. D'CO2-Steier wier besonnesch wichteg fir datt d'Energie-Transitioun fair iwwer d'Bün geet, dat heescht, datt och Leit, déi manner Akommes hunn, net op der Streck bleiwen, sou Ëmweltministesch Joëlle Welfring.
Bierger kënnen nees matdiskutéieren
Déi 250 Milliounen Euro, déi d'CO2-Steier dem Staat all Joer erabréngt, sollen zur Hallschent an de Klimafong fléissen, mat der aner Hallschent solle Kompensatiounsmesurë finanzéiert ginn.
Wéi scho beim éischten nationalen Energie- a Klimaplang kënnen och dës Kéier nees d'Bierger matdiskutéieren an hir Kommentaren zu den eenzele Mesuren ofginn. Vum 17. Abrëll un a bis de 16. Mee leeft déi ëffentlech Consultatioun. Detailer fënnt een op emwelt.lu.