Radioen

On air

Notturno  |  Oddisee - Hard To Tell

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neien Arméischef wëllt kee Sträit méi mat der Gewerkschaft

Arméi

Neien Arméischef wëllt kee Sträit méi mat der Gewerkschaft

De neie Chef vun der Lëtzebuerger Arméi hofft, datt de Sträit mat der Gewerkschaft SPAL ka bäigeluecht ginn. De Konflikt ronderëm de SPAL-President Christian Schleck wier "net zilféierend" fir déi grouss Objektiver vun der Arméi ze erreechen, esou de Steve Thull. De neie Chef vum Etat Major hofft op eng gutt Zesummenaarbecht mat der Gewerkschaft: "Meng Dier steet op," esou de Message vum Steve Thull.

auto_stories

2 min

De Steve Thull ass den neie Chef vum Etat Major an den Nofollger vum Alain Duschène

De Steve Thull, den neie Chef vum Etat Major, hofft op eng gutt Zesummenaarbecht mat der Gewerkschaft. De SPAL géif d'Interête vun den Ënneroffizéier, Kapereel an Zaldote vertrieden an et wier déi eenzeg Associatioun, déi dës Befugnisser huet. Et wier also seng Flicht mat der Gewerkschaft ze schwätzen, ënnersträicht de Steve Thull, "an ech wäert dat och maachen".

D'Arméi méi attraktiv maachen

D'Lëtzebuerger Arméi kéint zu de Gewënner vun der Corona-Kris gehéieren: d'Zaldote ware wärend der Kris nämlech ganz visibel an hunn zum Beispill gehollef d'Spideeler ofzesécheren. Dat kéint hëllefen nei Leit ze rekrutéieren, mengt den neien Arméischef Steve Thull. D'Leit géife gesinn, datt ee sech an der Arméi fir d'Leit kéint asetzen. Hie geet dovunner aus, datt Leit, déi eppes wëllen erliewen, sech bei der Arméi wäerte mellen.

D'Arméi sicht schonn zanter Joren no neie Leit, mee do wier ee mat de selwechte Problemer konfrontéiert wéi déi aner Arméien op der Welt och. "Eng Kris geet schlussendlech net duer fir d'Reien ze fëllen." Dofir misst d'Arméi sécherstellen, datt se och no der Kris en attraktive Patron wier.

Eng éischt Pist heifir wier et fir méi an de Public ze goe fir ze weisen, wéi eng Méiglechkeeten et an der Arméi gëtt. Aktuell géif un engem neie Gesetz geschafft gi fir weider Karriären ze rekrutéieren.

"Bis elo hate mer d'Ënneroffizéier um Niveau vun enger Karriär C1, dat ass Niveau 3ème. An Zukunft wäerte mer do och um Niveau B1 rekrutéieren, also Leit, déi eng Première gemaach hunn. A bei den Offizéier, wou bis elo exklusiv Leit mat engem Master-Diplom rekrutéiert goufen, do wäert d'Gesetz virgesinn, datt mer och Bachelor-Diplomer kënnen astellen. An dann hu mer eng komplett Panoplie, wéi an aner Staatsbetriber och, wou mer all Karriär vun der ënneschter bis bei de Master kënnen ubidden. An ech denken, dat wäert och zur Attraktivitéit bäidroen."

A400M: Kräfte bündelen

De neie Lëtzebuerger Militärfliger A400M soll e Mëttwoch eng éischte Kéier um Findel landen. Dëse Fliger, deen zesumme mat der belscher Arméi bedriwwe gëtt, soll dozou bäidroen de Militärtransport an Europa besser openeen ofzestëmmen, seet de Steve Thull.

Aner Arméie solle kënnen op de Fliger zeréckgräifen. Esou géif ee seng Kräfte bündelen a Geld gewannen, ënnersträicht den neie Chef vum Etat Major.