Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Imperatrice - Danza Marilu Feat. Fabiana Martone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Weibëschof: "Ech loosse mech vun der Roll iwwerraschen"

Kathoulesch Kierch

Neie Weibëschof: "Ech loosse mech vun der Roll iwwerraschen"

Den zukünftege Weibëschof Leo Wagener seet, hie wéisst nach net genee, wéi seng Aarbecht an dëser neier Roll géif ausgesinn. Hie géif sech "iwwerrasche loossen", wéi eng Tâchen hie vum Äerzbëschof iwwerdroe kritt, sou de Leo Wagener.

auto_stories

2 min

Als Weibëschof, wier et eng vu sengen Aufgaben d'Glawensgemeinschaft no der Trennung vu Kierch a Staat ze rassuréieren. Et wier an der momentaner Situatioun wichteg, datt d'Kierch mat Courage no fir kuckt, an datt déi Gleeweg sech verstäerkt an der Kierch engagéieren.

A Frankräich an op anere Plaze wier et normal, datt praktizéierend Katholike sech abréngen, andeems se verschidden Déngschter an hirer Par iwwerhuelen. Zu deem Mooss u Benevolat misst ee "de Lëtzebuerger vläicht nach e bësse pushen".

Wéi eng Missiounen hien an Zukunft wäert erfëlle géif awer och vum Äerzbeschof sengem Kalenner ofhänken. "Dat wäerten engersäits liturgesch Celebratioune sinn", sou de Leo Wagener, mee och representativ Momenter. Donieft wéilt hien och mat senger Aarbecht als Generalvikar am Bistum viru fueren. Den 29. September iwwerhëlt de Leo Wagener offiziell d'Roll vum Weibëschof.

De Bëschof ass an Zukunft vill méi gefuerdert

Déi kathoulesch Kierch hätt neierdéngs nei Rapporte mam Lëtzebuerger Staat, an et géif nach vill opzeschaffe ginn, sou den zukünftege Weibeschof.

"Mir brauchen an eise Poren, déi nei strukturéiert goufen, eng lieweg Aart a Weis fir d'Chrëscht sinn ze liewen. Dann hu mer awer och e Bëschof, dee ganz anescht gefuerdert ass op internationalem Niveau, wei dat virdru bei senge Virgänger de Fall war. Well en ebe gewielt ginn ass a Gremien, a Verantwortung huet, zum Beispill als President vun den europäesche Beschofskonferenzen (COMECE). Doduerch huet hien am Ausland wierklech e groussen Aarbechtspensum ze bewältegen."

"Komplementar Aufgaben"

De Bëschof hätt sech déi Aufgab och net alleguer selwer gesicht, et géif sech ëm eng Ufro handelen an hie wier vu senge Kollegen op verschidden Ämter gewielt ginn. Domat géif hien och der Lëtzebuerger Kierch déngen, seet de Leo Wagener.

"Ech mierke jo ganz gutt, wei och der Lëtzebuerger Kierch Dieren opginn, doduerch datt eise Bëschof awer eng gewësse Positioun an e gewëssent Gewiicht an der europäescher Kierch huet, an och vis-a-vis vum Vatikan. Duerfir wëll ech dat net vun eneen trennen. De Bëschof ass mat sengem Häerz zu Lëtzebuerg, a mir hunn e ganzt enk Verhältnis, wou mer géigesäiteg briefen. Eis Aufgabe sinn also komplementar ze verstoen."