Déi zwee Sitten, déi fir den Ament vun engem interministerielle Grupp ënnert d'Lupp geholl ginn, wieren och iwwert den ëffentlechen Transport erreechbar.
D'Coque kënnt net a Fro
Den DP-Deputéierte Claude Lamberty hat während enger Interpellatioun an der Chamber d'Iddi vum Site vun der Coque an d'Gespréich bruecht. De Sportminister schléisst deen awer aus. D'Coque als Site wier zwar net schlecht, well se zwar no um Tram läit, "mä wat awer den Terrain ubelaangt, do gesinn ech net d'Méiglechkeet, wéi een do kéint ganz séier weiderkommen". Et misst een och aner Ministère mat u Bord huelen. "Do brauche mir natierlech och den Educatiounsministère, de Minister vun den Infrastrukturen", esou de Romain Schneider.
Deen aktuellen Lycée deen um Site vum INS an der Stad läit, wier ze kleng ginn. Wëll de Bau vun engem neie Lycée awer e puer Joren dauert, wier een och am gaangen den Ausbau vun den aktuellen Infrastrukturen ze plangen. Fir d'Internat, dee voll beluecht ass, gëtt no Alternative gesicht, esou nach den Sportminister.