De Service fir d'schoulesch Integratioun an de schouleschen Accueil - kuerz SIA - soll hëllefe Kanner déi nei op Lëtzebuerg kommen, sech besser an de Schoulsystem ze integréieren. Den Educatiounsminister Claude Meisch erkläert, datt Zil misst sinn fir koer Strukturen a Prozeduren ze definéieren. Zil wier et och fir méi individuell ze kucken, wat fir Kompetenzen d'Kand hätt.
Mir wiere nach wäit ewech vu gudde Bildungschance fir jiddereen, egal mat wéinegem sozio-ekonomeschen Hannergrond, gesäit de Claude Meisch an. D'Kanner an hier Situatioune misste fir déi richteg schoulesch Orientéierung ganzheetlech analyséiert ginn, erkläert den héije Beamte Pierre Reding. Bis elo wiere virun allem d'Sproochkompetenze gekuckt ginn, mee dat géif net duergoen.
"Mat Ganzheetlechkeet mengen ech, datt mir net nëmme Sprooch kucken, mee wat kann et nach alles, wat huet et bis elo scho vu Parcours Scolaire gehat. An dann, wat si seng Ambitiounen, wat si seng Projet de Famille."
Uspriechpartner an de Schoulen
Fir d'ganz Famill sollt et een Uspriechpartner ginn, erkläert de Pierre Reding. Ausserdeem géif den SIA als eenheetlech Ulafstell säi Service souwuel an der Primärschoul wéi am Lycée ubidden an de Kanner hire schoulesche Parcours zwee Joer laang suivéieren an upassen.
Den SIA soll och net nëmmen eng Ulafstell op nationalem Niveau ginn, esou de Pierre Reding. Si géifen an de Schoulen een Uspriechpartner kreéieren. Dat wier souwuel am Enseignement fondamental, secondaire wéi och an de centres de compétences de Fall, ënnersträicht de Pierre Reding.
Dëse Coordinateur an der Schoul soll d'Kommunikatioun tëscht dem Schüler, den Elteren an dem Léierpersonal erméiglechen.
Den neien Dispositif muss nach an der Chamber gestëmmt ginn. Fir d'Rentrée am Hierscht soll en dann operationell sinn.