Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie gesetzleche Kader fir d'Dotatioun vum Haff

Verfassungsrevisioun

Neie gesetzleche Kader fir d'Dotatioun vum Haff

Den Alex Bodry fënnt, datt ee punktuell Verfassungsännerunge misst virhuelen, fir déi finanziell Dotatioun fir den Haff an d'Organisatioun vun der Verwaltung ze klären. Ob d'CSV op dee Wee matgeet, ass onkloer.

auto_stories

4 min

Virun e puer Wochen hat d'Regierung e Spezialbeoptraagten agesat, fir d'Personalpolitik beim Haff an de Finanzement ze analyséieren. Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry freet d'Regierung an enger Question parlementaire, ob si doriwwer eraus legislativ Initiative plangt, fir deene finanziellen Dotatiounen un den Haff en neie Kader ze ginn.

Déi aktuell Verfassung amendéieren

Bei der Verfassungsreform waren nei Dispositiounen an deem Sënn virgesinn. D'CSV wëllt dës Reform, un där si matgeschafft huet awer net méi matdroen. Sollt et wierklech bei engem Blockage vun der Verfassung bleiwen, ginn et fir den Alex Bodry nach zwou aner Optiounen.

  • Engersäits misst ee kucken, ob een eenzel Verfassungsännerungen net awer kéint "am gemeinsamen Accord" virhuelen.
  • Anerersäits misst ee kucken, ob den aktuellen Artikel 43 vun der Verfassung "eng Méiglechkeet gëtt, fir iwwer e Gesetz nach eenzel Froen ze klären an ze präziséieren."

Fir den Alex Bodry misst een dat an deenen nächste Méint kucken.

Art. 43. (Révision du 6 mai 1948) " La liste civile est fixée à trois cent mille francs-or par an. Elle peut être changée par la loi au commencement de chaque règne. La loi budgétaire peut allouer chaque année à la Maison Souveraine les sommes nécessaires pour couvrir les frais de représentation."

Am proposéierten Text fir déi nei Verfassung ass e ganz neien Artikel 53 virgesinn. Dee seet kloer, wien nieft dem Staatschef e Recht op eng Dotatioun aus dem Staatsbudget huet. D'Elementer an de Montant dovu géife per Gesetz fixéiert.

Art. 53. "Le Chef de l'Etat, l'ancien Chef de l'Etat, le Grand-Duc Héritier, le Régent et le Lieutenant-Représentant touchent sur le budget de l'Etat une dotation annuelle, dont les éléments et le montant sont fixés par la loi. Le Chef de l'Etat, tenant compte de l'intérêt public, définit et organise son administration qui jouit de la personnalité juridique. "

Virbild: Belsch

Bei den Diskussiounen viru méi wéi zwee Joer ass et awer wuel och dorëms gaangen, eng Kontroll iwwer d'Ausgaben anzeféieren. Als Modell soll d'Belsch déngen, wou déi Froen net just iwwer de Budget, mee zanter 2014 iwwer e Spezialgesetz gereegelt sinn, esou den Alex Bodry.

"Si hu sech en neit Gesetz ginn, wat präzis d'Dotatioune fir d'Membere vun der kinneklecher Famill an der Belsch festleet. An eppes Ähnleches wollte mir och maachen. Si gesinn och an deem Gesetz e Contrôle vir. Bei hinnen ass et net déi ganz Cour des Comptes, déi kontrolléiert. Mee et ass awer de President an den éischte Vize-President vun der Cour des Comptes an der Belsch, déi eng Kontroll maachen."

Neien Artikel reegelt d'Organisatioun vum Haff

An dem neien Artikel 53 ass doriwwer eraus och virgesinn, datt de Grand-Duc decidéiert, wéi seng Verwaltung ausgesäit a funktionéiert. A virun allem, datt hien dobäi muss den ëffentlechen Interessi berücksichtegen.

Déi Verwaltung géif eng juristesch Personalitéit kréien. Dat géif zum Beispill och Rechtssécherheet bei Geriichtsaffäre ginn. Déi Verwaltung kéint viru Gericht optrieden an aktiv ginn. Mee si kéint och ugesicht ginn, seet den Alex Bodry, nodeems d'Onlineplattform Reporter d'lescht Woch iwwer Geriichtsaffäre vum Haff geschriwwen hat.

"Souwäit wéi ech weess, ware jo awer Prozesser schonn ugestrengt gi virun Geriicht. Do mussen also och schonn Affekote sech mat der Fro befaasst hunn, wie siche mir eigentlech un an där dote Fro. Ech mengen, wann dat elo esou kloer an der Verfassung, respektiv an engem Gesetz da steet, dann ass dat vill méi einfach an da kënnt een net a prozedural Schwieregkeeten eran."

Verfassungsrevisioun net ouni d'CSV

Och fir punktuell Ännerungen un der Verfassung brauch d'Regierung an der Chamber d'Stëmme vun der CSV. Hire President Frank Engel fënnt awer, ausser iwwer e Verweis op e Spezialgesetz, hätt dës Matière an der Verfassung näischt verluer. Eng Verfassung wier nämlech kee politeschen Aktiounsprogramm, "an ech gesi wierklech net, wat dee Sujet an der Substanz an der Verfassung verluer hätt".

Falls d'Regierung virhätt, fir speziell an deem Domän ze legiferéieren, "da misste mir mol erausfannen, wat se dann do genee wëlles hätt", fënnt de Frank Engel. "An doropshi kéint ee sech dann eventuell d'Fro stellen, ob een domat d'Accord wier oder net."

Dem Alex Bodry seng parlamentaresch Fro ass ganz rezent. De Staatsminister Xavier Bettel huet him nach net geäntwert. Säi Spezialbeoptraagte beim Haff soll him Recommandatioune maachen, wann seng Analys ofgeschloss ass.