Radioen

On air

Notturno  |  Aufgang - Stroke

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neie Buergermeeschter fir Ettelbréck

Gemengewalen 2023

Neie Buergermeeschter fir Ettelbréck

Ettelbréck bleift bei enger schwaarz-rouder Koalitioun: allerdéngs ännert sech d'Kräfteverhältnis. No 20 Joer als Gemengepapp gëtt de Jean-Paul Schaaf vum Bob Steichen vun der LSAP ofgeléist.

auto_stories

1 min

D'LSAP huet bei dëse Walen ee Sëtz bäigewonnen, béid Parteien hunn domat fënnef Mandater. Éischtgewielten an der Gemeng ass den LSAP-Kandidat Bob Steichen, deen domat neie Buergermeeschter gëtt.

Den aktuelle Gemengepapp Jean-Paul Schaaf vun der CSV gëtt éischte Schäffen. Hie war zanter 2003 un der Spëtzt vun der Gemeng Ettelbréck. D'CSV hätt "dräi schwéier Gewiichter" fir dës Wale verluer gehat, esou de Jean-Paul Schaaf. Grad bei lokale Wale wier et wichteg en Numm ze hunn, fir Stëmme sichen ze goen. Hie gesäit et also positiv, datt d'CSV mat enger jonker Ekipp d'Sëtzzuel an der Gemeng Ettelbréck konnt halen.