Radioen

On air

Moiesstudio  |  Lenny Kravitz - Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Statute fir "Plattform"-Aarbechter

EU-SOZIALPOLITIK

Nei Statute fir "Plattform"-Aarbechter

Der EU-Kommissioun no missten iwwer fënnef Millioune Leit, déi fir sougenannte Plattforme wéi Uber oder Deliveroo schaffen, amplaz als "Independant" als "Employé" agestuuft ginn. Den EU-Kommissär Nicolas Schmit proposéiert dowéinst eng EU-Direktiv, déi d'Aarbechtskonditioune méi genee reegele soll.

auto_stories

5 min

Lauschterenplay_arrow

Bal 30 Millioune Leit schaffen an der EU fir sougenannte Plattforme wéi Uber, Deliveroo oder WeDely.

D'Zuel vun de Leit, déi fir eng vun de ronn 500 Plattformen an der EU schaffen, wäert an de nächste Joren dramatesch zouhuelen, sou d'Aschätzung vun der Europäescher Kommissioun. Iwwer d'Hallschent vu hinne kréien den Ament ee Stonneloun ausbezuelt, deen ënner dem Mindestloun vun hirem Land leit. Dat huet eng Impaktetüd vun der Kommissioun erginn.

5,5 Millioune Leit falsch aklasséiert

Déi Analyse kënnt och zum Schluss, datt 5,5 Millioune vun deene "Plattformaarbechter" falsch als "Independant" aklasséiert sinn. Si missten de Statut vun engem "Employé" hunn, erkläert den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales Nicolas Schmit am 100,7-Interview:

"Ass een, deen Owes Pizzaen ausféiert, ee richtegen Independant? Ass dat een Entrepreneur, een dee fräi no sengem Wëllen seng Entreprise féiert, seng Clientë sicht? Natierlech net. Deen ass an deene mëschte Fäll an enger Relatioun vu Subordinatioun par rapport zur Plattform. An dat ass eigentlech den Haaptkrittär fir ee Salarié vun engem Independant ze ënnerscheeden."

Déi nei EU-Direktiv gesäit dowéinst vir, datt jiddwereen, deen zwee vu fënnef Krittären erfëllt, automatesch als "Employé" gëllt. Krittäre kënne sinn, ob een e fixe Montant fir eng Remuneratioun kritt, ob fest Aarbechtszäite virgesi sinn, oder Reegele gëllen, wéi ee sech muss undoe fir d'Aarbecht ze maachen. "Déi nämmlecht Krittäre ginn dacks bei Geriichtsurteeler geholl, fir ze determinéieren, ob een als falschen Independant gëllt oder net", explizéiert een héijen EU-Diplomat.

Kontroll läit bei de Memberlänner

D'Direktiv schreift och vir, datt d'Algorithmen, déi eventuell agesat gi fir d'Aarbecht ze organiséieren an ze bewäerten, méi transparent musse ginn an datt d'Aarbechter se kënnen ufechten. Kontrolléiert géif dat Ganzt vun den nationalen Autoritéiten an de Memberlänner ginn.

De ganzen Interview mam Nicolas Schmit lauschterenplay_arrow

"D'Kommissioun huet keng Inspection du Travail an och keng Police. Et ass kloer, datt d'Memberstaaten dat mussen an hiert Recht ëmsetzen an dofir suergen, datt dat dann och respektéiert gëtt", sou de Nicolas Schmit. Allerdéngs hätte si och selwer een Interêt drun, datt d'Situatioun méi kloer gereegelt gëtt.

"Esou, wéi et elo funktionéiert, bezuelen déi Leit dacks keng Sécurité Sociale oder Steieren. Wa sech hiert Aarbechtsverhältnis ännert, ännert dat sech och. Dat heescht, ee Memberstaat huet een Interêt hei Kloerheet ze kréien, och ee finanziellen Interêt."

Déi nei Direktiv gesäit och vir, datt d'Beweislaascht bei de Plattforme selwer läit: si misste kënnen noweisen, datt déi Krittären, fir als "Employé" aklasséiert ze ginn, net erfëllt sinn. Dat Ganzt kéint dono ronn 4,5 Milliarden Euro méi Käschte fir déi Entreprisë bedeiten. Verschiddener hu gedreet d'EU ze verloossen, wann esou Reegele kéimen.

Méi héich Käschte fir Entreprisen

De Nicolas Schmit rechent awer net domat, datt der vill dee Schratt géife maachen. Ëmmerhi géif et eng grouss Demande fir déi Servicer ginn. Iwwerdeems géif et eng ganz Partie Plattforme ginn, déi elo schonn hir Leit als Salariéen agestallt hunn. Dat géif weisen, datt et och ënner deene Konditioune méiglech ass, rentabel ze schaffen, sou de fréiere Lëtzebuerger Aarbechtsminister.

D'Direktiv verzicht iwwerdeems drop, ee reegelrechten EU-Statut fir e "Salarié" oder "Aarbechter" ze definéieren. Dogéint hate sech an der Vergaangenheet d'Memberlänner gewiert. Et géif net drëm goen alles ze uniformiséieren, sou den Nicolas Schmit. "E gewësse Grad vu Subsidiaritéit ass néideg". Dofir hätt hie sech och als Aarbechtsminister agesat.

Och wann fir "Plattformaarbechter" an Zukunft weider déi national Gesetzer gëllen, géif déi geplangten Direktiv trotzdeem dofir suergen, datt de Kader fir jiddwereen d'nämmlecht ass an hir Rechter doduerch besser garantéiert sinn, dovun ass den LSAP-Politiker iwwerzeegt.

Nicolas Schmit: Unanimitéit a soziale Froen ophiewen

D'EU-Traitéë gesinn dacks net vill Spillraum vir, fir sozial Froen duerch europäesch Direktiven ze reegelen. Si géifen aus enger Zäit stamen, wou een "nach net wosst, wat eng Plattform ass", sou den Nicolas Schmit.

"D'Independante falen dacks aus den EU-Traitéen eraus. Do misst eigentlech eng Reflexioun ufänken, fir datt ee gewëss gemeinsam Standarden iwwer hir Rechter hätt. Déi si ganz verschidden an den EU-Memberlänner. Wann d'Traitéë sollte geännert ginn, da missten déi Aspekter op den Dësch kommen."

Hie géif sech wënschen, datt am Kader vun den Diskussiounen iwwer d'Zukunft vun Europa, déi elo vun den EU-Institutioune lancéiert goufen, doriwwer geschwat gëtt. An et bestéing och "Handlungsbedarf, fir am soziale Beräich aus der Unanimitéit erauszegoen", esou den EU-Kommissär.

Dee Prinzip, datt gewëss Decisiounen eestëmmeg ënner de Memberlänner musse geholl ginn, hätt scho verschidden Dossiere blockéiert. Hie wier dofir, dat ze änneren, sou den Nicolas Schmit.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.