Vun deenen, déi dee provisoreschen Accord ausgehandelt hunn, gëtt en als Succès gefeiert. "Den Accord mécht de Wee op fir eng fair Regulatioun vun eisem Bannemaart", seet d'EU Kommissärin fir Beschäftegung a Soziales, Marianne Thyssen. "Dee Maart funktionéiert fir Wueren, Kapital a fir Servicer an e sollt och fir d'Bierger funktionéieren."
Och d'Vertrieder vum Europaparlament sinn op den éischte Bléck zefridden. Fir d'Elisabeth Morin-Chartier, déi den Accord mat ausgehandelt huet, gëtt mat de neie Regelen ee wichtegen Grondsteen fir ee soziaalt Europa gesat.
I welcome landmark agreement that negotiators achieved today. At the heart of it is equal pay for equal work at the same place. Directly responds to concerns of citizens. Single market works for goods & services and it should also work for people. pic.twitter.com/83v5yxtq3z
- Marianne Thyssen (@mariannethyssen) March 1, 2018
Positiv Reaktioun gouf et och bei de Gewerkschaften. De Jean Luc De Matteis vum OBGL begréisst virun allem, datt d'Konzept vun deem selwechte Salaire fir déi nämmlecht Aarbecht elo garantéiert ass.
De Fortschrëtt mécht de Jean-Luc De Matteis doru fest, datt an Zukunft all Zort vu Kollektivverträg als Basis fir dee Grondsaz vun där nämmlechter Pai gëllen.
Positiv wier och, datt elo gesetzlech festgeluecht gëtt, datt de Patron fir d'Depensen, déi den Detachement mat sech bréngt, muss opkommen. Dat war bis elo net ëmmer de Fall. De Jean Luc De Matteis kennt Beispiller, wou de Salarié huet missen aus senger Täsch eng Wunneng lounen a fir d'Rees op Lëtzebuerg opkommen.
Extra Regele fir den Transportsecteur
Et gëtt awer net nëmme positiv Säiten. D'Europaparlament hat sech dofir agesat, datt den Transportsecteur sollt Deel vun der Direktiv sinn. Dat ass net de Fall.
Westlech EU-Länner gesi Camionschaufferen, déi am Ausland fueren, als detachéiert Salariéen. Eng ganz Partie haaptsächlech ëstlech Memberlänner soen awer, datt et sech hei just ëm den Transport vu Gidder an d'Ausland handelt. Si hu sech elo duerchgesat: Den Transport soll an engem extrae Gesetz behandelt ginn.
Den CSV-Europadeputéierten Georges Bach bedauert dat. Den Dossier kéint bis no den Europawahlen d'nächst Joer schleefen. Den Ament géife vill Fäll virum Europäesche Geriichtshaff landen, dat misst sech sou séier wéi méiglech änneren.
Detachement däerf maximal zwielef Méint daueren
Grouss Diskussioune gouf et doriwwer, wéi laang ee Salarié däerf detachéiert ginn. Frankräich an och Lëtzebuerg hate sech fir eng Limite vun zwielef Méint agesat. Déi gouf och elo festgehalen, mat en plus der Méiglechkeet, sechs Méint ze verlängeren.
De Gewerkschaften ass dat ze laang. An der Moyenne géif en Detachement just e puer Méint daueren, seet de Jean Luc De Matteis. Fir hien ass et dowéinst net nozevollzéien, datt an der Direktiv esou eng laang Period virgesinn ass.
Sécurité sociale gëtt net harmoniséiert
Fir d'Securité Sociale wäert och an Zukunft d'Hemeechtsland vum detachéierte Salarié zoustänneg sinn. Well et grouss Ënnerscheeder bei de Käschte ginn, ass d'Méiglechkeet vum sozialen Dumping domat nach net aus de Féiss, seet de Georges Bach. Allerdéngs géif et bei de Memberlänner guer kee Wëllen, d'Sécurité Sociale ze harmoniséieren.
#ETUC appelle les MEPs & gouvernements à approuver l'accord d'hier soir sur la révision de la directive sur le détachement des travailleurs, à condition qu'il offre une égalité de salaire et de protection aux travailleurs détachés en Europe https://t.co/QJN3zcL5za pic.twitter.com/mjeM7vXVRv
- EUROPEAN TRADE UNION (@etuc_ces) March 1, 2018
Den definitiven Accord ass nach net an der Täsch, sot iwwerdeems d'Europadeputéiert Elisabeth Morin-Chartier leschten Donneschdeg. D'EU-Institutioune missten elo den Text nach guttheeschen.
De 14. Mäerz sëtzen d'Vertrieder aus de Memberlänner beieneen. D'Europaparlament hofft, am Juni iwwert déi nei Direktiv kënnen ofzestëmmen.